Gesetz iwwert d'Ofstaamung "Et soll kee Kand sech fir seng Hierkonft musse schummen"
"D'Manéier wéi e Kand gemaach gouf, däerf net zu enger Diskriminatioun féieren", sou déi konsultativ Mënscherechtskommissioun an hirem Avis zum Gesetz iwwer d'Filiatioun. Et ass ee generell zefridden, datt e gesetzleche Kader fir déi kënschtlech Befruchtung an d'Leihmutterschaft geschaf gëtt.
De Bäitrag vum Sophie Morang lauschteren
"Et ass héich Zäit dass dat Gesetz kennt, bis elo gouf et e Vakuum", seet de Gilbert Pregno vun der Mënscherechtskommissioun CCDH. "Virun allem d'Experten, déi an deem Beräich schaffen, wäerten zefridde sinn".
D'Kanner an och d'Frae stinn am Mëttelpunkt vum Gesetz. "Et geet drëm, dofir ze suergen, datt herno kee Kand, och als Erwuessene sech fir seng Hierkonft muss schummen". Mam Gesetz gëtt déi kënschtlech Befruchtung an d'Leihmutterschaft gereegelt. "Et geet awer och ëm Bioethik", seet de Gilbert Pregno. "Et soll eng breet Debatte lancéiert ginn, iwwer dat wat ee wëllt", fuerdert de President vun der Mënscherechtskommissioun, an hofft dass di Debatte mam Gesetz lancéiert gëtt.
Diskussiounen ëm d'Leihmutterschaft
D'Leihmutterschaft bleift mam Gesetz verbueden. De Gilbert Pregno weist awer drop hin, datt bei eis eng Partie Kanner liewen, déi duerch eng Leihmuttesrschaft op d'Welt komm sinn. Dat misst een esou unhuelen. Di Kanner hätten e Recht op en état civil, si dierfte kee Schued dervun droen. De Gilbert Pregno geet dovunner aus, datt d'Diskussioun ëm d'Leihmutterschaft eis an den nächste Joren nach vill wäert beschäftegen.
Wat dann d'Opbewarung vun Embryoen, Eezellen a Spermien ugeet, misst nogebessert gi, fuerdert de Gilbert Pregno nach. Wuel kéinten déi betraffe Koppelen hei villes decidéieren, an awer wier et gutt, wann verschidde Reegelen och per Gesetz géife festgehale ginn, fënnt d'Mënscherechtskommissioun.