Sozialwahlen 2019 "Et gëtt vill Prekaritéit am Botzsecteur"

D'Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur wiere ganz schwiereg, soen d'Estelle Winter an d'Doris Azeredo vum OGBL. D'Salariéen hätten extrem flexibel Aarbechtszäiten, vun hinne géif eng grouss geografesch Mobilitéit erwaart ginn, an heefeg géife si net op déi néideg Stonne komme fir genuch ze verdéngen.

Mick Entringer / cbi

Estelle Winter, Dores Azeredo
D'Estelle Winter, Generalsekretärin beim OGBL, an d'Doris Azeredo, Personaldelegéiert an enger grousser Botzfirma.

D'Estelle Winter, Zentralsekretärin vum OGBL an d'Dores Azeredo, Personaldelegéiert an enger grousser Botzentreprise zeechnen e schwieregt Bild vum Botzsecteur. An de leschte Jore wier den Drock an d'Luucht gaangen, well d'Zuel vun de Salariéen op de Botzchantiere fir déi selwecht Aarbecht ze maachen, erofgaange wier.

Schwieregkeeten, sech ze organiséieren

Vill Frae géifen am Botzsecteur ënner sougenannte "polyvalente" Kontrakter schaffen. D'Estelle Winter vum OGBL fënnt et schlëmm, datt dacks kee Plang fir d'Aarbechtsorganisatioun opgestallt géif ginn. Owes géif eng SMS op de Privattelefon vun de Salariéë verschéckt ginn, wou hinne gesot gëtt, wou an ëm wéi vill Auer si géife schaffen.

"Vill Salariéen déi esou schaffen, hunn e grousse Problem, well si sech net méi um familiäre Plang organiséiert kréien." Weider wier et schwiereg, den Transport ze organiséieren, erzielt si. Et géif vill Prekaritéit an och vill Depressiounen am Secteur ginn. Besonnesch schwiereg wier et fir monoparental Fraen.

Schlecht Aarbechtskonditiounen

D'Doris Azeredo erzielt, datt wa Leit aus dem Botzsecteur Material an den Entreprisë beschiedegen, si dëst misste mat hirem klenge Salaire bezuelen. "Wa mir d'Aarbechtskleedung abiméieren, da musse mir se bezuelen."

Vill Entreprisë géifen hiert Personal obligéieren eng E-Mail Adress ze hunn. Mee, "et gi leider am Secteur nach verschidde Fraen, déi net liesen a schreiwe kënnen", seet d'Doris Azeredo. "Wa si keng E-Mail Adress hunn, da kréie si hire Paiziedel net. Wann een de Paiziedel an de Personalbüro froe geet, da muss ee fënnef Euro dofir bezuelen. Dat ass inakzeptabel."

"Chômagegesetz muss reforméiert ginn"

Fir d'Estelle Winter stellt dat aktuellt Chômagegesetz e Problem duer:

"D'Gesetz iwwer de Chômage muss geännert ginn, well wann d'Salariéë 16 Stonnen Aarbechtszäit verléieren, dann hu si e Recht op Chômage. Wann si manner wéi 16 Stonne verléieren, dann hu si kee Recht op Chômage. Ech ginn Iech e Beispill. Wann Dir 25 Stonnen hutt, an dir verléiert der fënnef, dann hutt dir kee Recht op Chômage. Wann dir nach emol fënnef Stonne verléiert, dann hutt dir nach ëmmer kee Recht op Chômage. Wann dir dann nach emol fënnef Stonne verléiert, dann hutt dir nach ëmmer kee Recht op Chômage. An um Enn verléiert Dir déi zéng Stonnen déi bleiwen, dann hutt dir och nach ëmmer kee Recht op Chômage."

Nëmme wann een op ee Coup 16 Stonne verléiert, hätt ee Recht op Chômage, esou d'Estelle Winter. "Dat gëtt trancheweis gemaach. Dofir ass et wichteg, datt an Zukunft dat Gesetz iwwer d'Recht op Chômage geännert gëtt."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Chambre des Salariés
Sozialwahlen 2019

All Betrib mat iwwer 15 Salariéë muss eng Personaldelegatioun hunn. Hir Aufgab ass et, fir d'Interesse vun de Salariéen a Saachen Aarbechtskonditioune géintiwwer dem Patron ze vertrieden.

Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis
Bausecteur

Et géif e groussen Drock gi fir Bauprojete méi séier fäerdeg ze kréien, do si sech den Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis eens. Béid Gewerkschaftler fuerdere méi Kontrolle vun der ITM um Terrain.

Laurent Mertz
Sozialwahlen

D'ALEBA ass der Meenung, datt deen zousätzleche gesetzleche Congésdag och am Banken- an Assurancësecteur fälleg ass, seet de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Laurent Mertz.

Websäite vu Gewerkschaften
Sozialwahlen 2019

Bei de Sozialwahlen am Mäerz sinn iwwer 500.000 Persoune wahlberechtegt. Dorënner Lëtzebuerger, Frontalieren an Auslänner. D'Villsproochegkeet ass een Thema, dat d'Gewerkschafte berücksichtegen.

Patrick Dury
Sozialwahlen 2019

Dem OGBL géif et net ëm eng Eenheetsgewerkschaft goen, mee ëm eng eenzeg Gewerkschaft, seet den LCGB-President Patrick Dury. D'Zesummenaarbecht aus der Vergaangenheet hätt den OGBL op en Enn bruecht.

Konferenz clc iwwer d'Sozialwahlen
Sozialwahlen

Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? D'confédération luxembourgeoise du commerce liwwert Äntwerten.

Andre Roeltgen
Sozialwahlen

Den OGBL wëllt no de Sozialwahle weiderhin de President vun der Salariatskammer stellen, seet den André Roeltgen. Hie wëllt awer net kommentéieren, ob hie selwer um Posten interesséiert ass.

Jean-Claude Reding
Sozialwahlen 2019

No zéng Joer un der Spëtzt vun der CSL wëllt de Jean-Claude Reding net méi als CSL-President kandidéieren. Als Successeur kann hie sech den OGBL-President André Roeltgen gutt virstellen.

Bréifwahl
Sozialwahlen 2019

264 Kandidate vu sechs Gewerkschafte gi mat an d'Wahle fir d'Salariatskammer. Déi 60 Membere vun der CSL ginn am Mäerz per Bréifwahl gewielt. Wahlberechtegt sinn 526.476 Salariéen a Pensionéierter.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen