Regierung "Et geet net drëms, ob de Bettel de Premier ass oder net"

De Xavier Bettel seet, hie géif net drop bestoe Premier ze bleiwen, wann d'DP no de Wahlen op en neits an d'Regierung kënnt. Domat weist hie sech méi zeréckhalend, wéi säi Vize-Premier Etienne Schneider.

Rick Mertens

Xavier Bettel
Xavier Bettel

Den LSAP-Minister hat ufanks Mee gesot, hie wär net bereet op de Staatsministère ze verzichten, wann d'LSAP no den nächste Chamberwahlen gréisst Regierungspartei géif bleiwen. De Xavier Bettel ënnersträicht iwwerdeems am 100,7-Interview, hie géif net just mat an d'Wahle goen, fir Premier ze bleiwen. Deemno géif hien och net d'Bedéngung stellen, onbedéngt Premier ze bleiwen, fir datt déi aktuell Koalitioun ka weidergefouert ginn.

An der Koalitiounsfro wëllt den DP-Premier sech 15 Méint virun de Wahlen net festleeën. Och eng Koalitioun mat der CSV schléisst hien net aus: "Komm mir waarden elo emol op de Programm. (...) Mir wäerten eise Programm schreiwen an déi aner Parteien hiren. An da musse mer kucken."

Positive Bilan trotz schlechten Ëmfroen

No bal véier Joer an der Regierung bewäert de Xavier Bettel d'Aarbecht vun senger blo-rout-grénger Regierung positiv. Am Réckbléck géif hien näischt bereien, wat seng Regierung decidéiert huet. D'Spuermesuren aus dem Zukunftspak, zum Beispill, wären eng Noutwennegkeet gewiescht. Et wär awer eng "Realitéit", datt d'Regierung doduerch un Zoustëmmung verluer huet.

Dem leschte Politmonitor-Sondage vun RTL a Luzemburger Wort no, géif d'Dräierkoalitioun siwe Chambersëtz verléieren, an hätt deemno keng Majoritéit méi. Trotzdeem weist de Premier sech iwwerzeegt, datt seng Regierung d'Wieler nach kann op hir Säit zéien. "Jidderee muss selwer eng Kéier seng perséinlech Situatioun analyséieren a sech d'Fro stellen: 'Geet et mir wierklech esou schlecht?'" De 'Gros vun de Leit' géif dann zur Conclusioun kommen, "datt mat dëser Regierung villes geschitt ass." Als Beispiller nennt de Premier d'gratis Kannerbetreiung, déi fir d'Rentrée agefouert gëtt, d'Reform vum Congé Parental oder d'Trennung vu Kierch a Staat.

Keng grouss Iwwerraschunge virun de Wahlen

"Grouss Iwwerraschungen" a "radikal Ännerunge" géif seng Regierung virun de Wahlen net méi plangen, esou de Xavier Bettel. De Gros vum Koalitiounsaccord wär schonn ëmgesat, verschidde Projete missten awer nach ofgeschloss ginn. Zum Beispill d'Reform vum Staatsrot.

Donieft wéilt d'Regierung och an hirem leschte Joer weider an Infrastrukturen investéieren. De Mindestloun z'erhéijen, sou wéi d'Gewerkschaften et fuerderen, gesäit de Premier dogéint am Moment "net als Prioritéit". Et géing virun de Wahlen net drëms goen "Cadeauen ze verdeelen".

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

De Xavier Bettel op Visite a China
Bettel a China

De Xavier Bettel gëtt vum chinesesche Premier LI Kequiang empfaangen. Hien ass op offizieller Visite a China. Seng Visite kéim zu engem wichtege Moment. China géif international wichteg Roll spillen.

Etienne Schneider Riicht Eraus
Chamberwahlen 2018

2018 wëll den Etienne Schneider nees LSAP-Spëtzekandidat sinn an déi blo-rout-gréng Koalitioun weider féieren. Den Echec vum Sozialist Benoît Hamon bei de franséische Presidentiellë bedauert hien net.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen