arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et geet net drëms Käpp rullen ze loossen"

Chamberwahlen 2018

|
headphones

2 min

"Et geet net drëms Käpp rullen ze loossen"

D'LSAP muss sech erëm op sozialistesch Wäerter zeréck besënnen, seet den Nando Pasqualoni vum lénke Fligel vun der Partei. Ëmweltschutz mat enger sozialer Komponent misst Deel vun der LSAP-Politik sinn.

headphones

2 min

Ee Grupp vu Leit, déi zum lénke Fligel vun der LSAP gehéieren, si gëschter Owend (Mëttwoch) zesumme komm. Si schaffen un engem Reflexiouns-Pabeier a fuerderen eng Partie Upassungen. Ënnert anerem den Ëmweltschutz mat enger sozialer Komponent, deen ee Bestanddeel vun der LSAP-Politik soll sinn, esou de Nando Pasqualoni. Hie schafft mat um Reflexiounspabeier.

Déi programmatesch Debatt misst dës Kéier esou gefouert ginn, datt am Koalitiounsprogramm, deen elo verhandelt gëtt, d'Positioune vun der LSAP wa méiglech dra stoe kommen. Fir dem sozialen Auserneendriften an der Gesellschaft entgéint ze wierken, misst déi automatesch Loun-Indexéierung bleiwen an de Mindestloun erhéicht ginn. Och de soziale Wunnengsbau misst massiv gefërdert ginn. Eng weider Fuerderung bleift och d'Aarbechtszäitverkierzung.

"Leit fir d'éischt opbauen"

No de schlechte Wahlresultater vun der LSAP, géif et net drëms goe Käpp rullen ze loossen, seet de Nando Pasqualoni. Et misst ee bei enger Erneierung vun der Partei Leit fir d'éischt opbauen. Mee dat bräicht Zäit.

Koalitiounsverhandlungen

Et wéilt een iwwerdeems net wärend de Koalitiounsverhandlungen Drock maachen an dotëscht funken. Et wier ee sech bewosst, datt net all d'Fuerderungen an de Koalitiounsaccord kéinte kommen, seet den Nando Pasqualoni. Ma sollt ee sech guer net méi dran erëmfannen, da géif um ausseruerdentlechen LSAP-Kongress dogéint gestëmmt ginn. An d'Oppositioun ze goen, wier net optimal, wëll een d'Chance net soll verpassen fir mat z'entscheeden. Soss kéinte sozial Acquisen a Fro gestallt ginn, seet de Nando Pasqualoni.

play_arrow Interview mam Nando Pasqualoni