Camionsentreprisen "Et geet ëm eis Existenz"

D'Existenz vu Lëtzebuerger Camionsentreprisen, wei Arthur Welter, kéint an den nächsten zéng Joer a Fro gestalt ginn, seet d'Marianne Welter, Direktesch bei Arthur Welter an och Presidentin vum Groupement Transport.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Marianne Welter

Zu Lëtzebuerg mussen Transportentreprisen och an Zukunft dee selwechte Präis um Diesel bezuele wéi privat Chauffeuren. D'Marianne Welter seet, d'Regierung hätt dem Groupement ze verstoe ginn, datt si net bereet wier, den Entreprisen en Deel vun den Accisen um Sprit ze rembourséieren, esou wéi dat zum Beispill an der Belsch geschitt.

Ginn d'Lëtzebuerg Entreprisen also deemnächst an d'Ausland tanken? D'Marianne Welter seet, et misst een dat iwwerdenken, well dat wier mat méi administrativer Aarbecht verbonnen. Et misst een och kucken, ob dat um Wee läit a sech ausrechnen, ob dat wirtschaftlech wier.

Bis elo keng Aarbechtsplazen a Gefor

D'Regierung huet annoncéiert, datt 2021 eng sougenannten CO2-Steier ageféiert gëtt, déi och um Bensin an um Diesel gëllt.

D'Marianne Welter seet, dës Steiererhéijung géif bei hir am Betrib nach keng Aarbechtsplazen op d'Spill setzen. Wann d'Accisen dono awer weider klammen, da géif et fir d'Transportentreprisen iergendwann ëm d'Existenz goen.

Camionsentreprisen: Op d'Offer ugewisen

Wat kennen d'Camionsentreprisen da selwer ënnerhuele fir CO2-Emissiounen anzespueren? D'Marianne Welter mengt, datt dat schwiereg wier.

"Mir kënnen ëmmer nëmmen dat kafen, wat d'Constructeure bauen. An esou laang et keng Alternative ginn zum Diesel, kënne mer och net vill maachen. Mir kënnen natierlech nei Camione kafe mat der Ofgasnorm Euro 6, déi si vill manner schiedlech, wéi déi Generatioun virdrun. Mee mir kënnen ëmmer nëmmen dat kafen, wat um Marché ass. Et gi wuel scho Gascamione vun där enger oder anerer Mark. Mee dann ass keng Tankstell hei am Land. Et si keng Infrastrukturen do fir dat Ganzt. Dat heescht: Esou laang, wéi net iergendeppes anescht um Marché ass, kënne mer net mat eppes anescht fueren."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

René Winkin a Raymond Aendekerk
CO2-Steier

Déi geplangten CO2-Steier wier net héich genuch fir en Effekt ze hunn, seet de Raymond Aendekerk. De René Winkin gesäit dat anescht: en Deel vum Spritverkaf kéint sou an d'Ausland verlagert ginn.

Claude Turmes a Carole Dieschbourg
Nationalen Energie a Klimaplang

Déi geplangt CO2-Steier ass eng Moossnam aus dem nationalen Energie a Klimaplang, deen de 6.Dezember am Regierungsrot ugeholl gouf. Duerch d'CO2-Steier soll de Prinzip vum "Pollueur-Payeur" ëmgesat ginn.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen