Den Ament schafft sech d'Mediekommissioun vun der Chamber am Schwéngsgalopp duerch d'Preparatioune fir déi grouss Debatt iwwer de Service public. Déi sollt jo am Fong am Fréijoer sinn, mee gouf wéinst der Covid-19-Pandemie verréckelt. Déi nei Rendez-Vouse goufe kuerzfristeg ugesat. Dowéinst hat een net vill Zäit sech virzebereede bedauert den neie President vum Conseil de Presse Jean-Lou Siweck. Hien huet et dowéinst bei de grousse Prinzippie gelooss.
"Service public ass jo e Medium, dee fir de Public do ass an net e Medium, fir déi, déi iwwer en decidéieren, also d'Gouvernanten oder déi déi un der Muecht sinn, an deenen hirem Déngscht e fonctionéiere soll. Do ass also d'Fro, wéi kann een dat garantéieren."
Déi Fro géif sech souwuel beim Radio 100,7 stellen, esou de Jean-Lou Siweck, wou d'Membere vum Verwaltungsrot direkt vun der Regierung genannt ginn, wéi och bei RTL, wou à la base e Konzessiounsvertrag ass, dee vun der Regierung ausgehandelt gëtt "an deen emol net an der Chamber presentéiert oder ënner iergendenger Form affichéiert gëtt".
Doduerch wier een an enger Situatioun an där d'Regierung eng ganz staark Positioun huet an et net vill oder guer keng Garde-foue gëtt, datt d'Regierung dat net mëssbraucht.
Onofhängeg vu Politik, Finanzement a Publicitéit
Bei der Finanzéierung, déi aus dem Budget kënnt, wier et déi selwecht Situatioun. Souwuel den 100,7 als Radio wéi RTL, wou de Staat deemnächst bei der Tëlée den ëffentlech-rechtlechen Optrag matfinanzéiert, géif et am reglementare Kader keng Brems, falls eng Regierung d'Finanzéierung als Drockmëttel op de Contenu wéilt asetzen.
Och d'ALJP, déi e Freideg an d'Mediekommissioun invitéiert war, huet ënnerstrach, datt d'Onofhängegkeet vum Service public eng Prioritéit wier, esou de Vize-President vun der Journaliste-Gewerkschaft Luc Caregari.
"Mir hunn kloer gemaach, datt et heescht, Onofhängegkeet vun der Politik, Onofhängegkeet vun der Publicitéit an Onofhängegkeet vu bataîlles budgétaires, also datt de Budget kee Probleem soll sinn."
Christophe Goossens: Zefridde mat der Konventioun tëscht dem Staat an RTL
De Christophe Goossens vun RTL mengt, datt d'Konventioun tëscht dem Staat an RTL kloer ass, wann et ëm d'Onofhängegkeet an d'Qualitéit vum ëffentlech-rechtlechen Tëleeprogramm geet. "Et si ganz kloer an objektiv Krittäre festgehalen. A fir eis ass et ganz genee dat, wat wichteg ass."
An der Konventioun wier och virgesinn, datt eng Kommissioun e puer mol d'Joer kuckt, ob d'Konventioun richteg ëmgesat gëtt, sou de Christophe Goossens. Och d'Finanzen an d'Qualitéit géifen an där Analys eng Roll spillen.
Publicitéit ass en Theema...
Wat d'Finanzéierungsmodeller ugeet, fënnt de Jean-Lou Siweck, datt déi ënnerschiddlech Modeller e Sujet sinn, wou den 100,7 an RTL opposéiert Extremer wieren. Deen een, wou keng Reklammen erlaabt sinn, deen aner, wou et kaum Aschränkungen fir d'Publicitéit gëtt an deen op senger Internetsäit Synergien tëscht deenen ëffentlech-rechtlechen an deene kommerziellen Aktivitéite kéint hierstellen.
Dat wier en Theema, dat een och kucke misst, wann een iwwer déi staatlech Mediefinanzéierung schwätzt, seet dozou de Jean-Lou Siweck.
Dem Luc Caregari ass, wann et em d'Finanze geet, awer och d'Bezuelung vun de Mataarbechter wichteg, an zwar net just déi vun de feste Mataarbechter. Dofir misst virun allem an den ëffentlech-rechtleche Medien e Kader fir Freelance geschafe ginn, fir datt déi besser an uerdentlech bezuelt ginn. "An datt et net geet, datt en Etablissement public do ähnlech Praktiken huet, wéi eng kommerziell Boîte", sou den ALJP-President.
...genee wéi d'Sproochenoffer
En anere Sujet si fir de President vum Pressrot Jean-Lou Siweck d'Sproochen an deenen eng ëffentlech-rechtlech Offer ugebuede gëtt. De Christophe Goossens ass domat d'accord.
Dofir hätt een déi franséisch Offer 5 minutes an RTL Today lancéiert. "Déi Produite si wichteg a fale jo och ab 2021 mat an d'Environnment 'Service public' mat dran."
Goossens: "Keng Fusiounsgespréicher"
An der Diskussioun mat der ALJP, esou de Luc Caregari gouf och d'Méiglechkeet vun enger Fusioun tëscht dem Radio 100,7 an de Lëtzebuerger RTL-Medien ugeschwat, seet hien. Zënter RTL Group e Sozialplang gemaach huet an Deeler vun der Administratioun an Däitschland delokaliséiert huet, stelle sech och Deputéiert an der Chamber alt d'Fro wéi laang RTL als europäesche Mediegrupp nach um Standuert Lëtzebuerg interesséiert ass. Déi Fro géif sech dem Christophe Goossens no awer guer net stellen.
"Mir sinn absolut guer net an deem Szenario. Mir hunn e Konzessiounsaccord, dee bis 2030 geet. Do ass en Deel d'Konventioun fir de Service public, wou d'Finanzéierung bis 2023 assuréiert ass. Et ass e kloert Bekenntnis och vum Management vun RTL Group och fir zu Lëtzebuerg ze bleiwen."
Hien hätt och keng Gespréicher iwwer esou eng Fusioun, insistéiert de Christophe Goossens. Falls et emol sou wäit kéim, géif d'ALJP fir eng reng ëffentlech-rechtlech Gouvernance plädéieren an net fir eng hybrid nei Creatioun.
D'Preparatioune fir d'Consultatiounsdebatt ginn haut Dënschdeg an der Chamberkommissioun virun, dat mat Entrevuë vun Vertrieder vun de Lokal-Radioen. Vertrieder vum radio 100,7 goufe schonn am Mäerz vun der Chamber-Mediekommissioun gehéiert.