40 Joer HIV "Et ass wichteg séier ze depistéieren!"

40 Joer no der éischter Beschreiwung vum HI-Virus ginn et hautdesdaags effikass Medikamenter. E Patient dee se richteg hëlt ka gutt domat liewen. Eng Impfung oder eng Heelung ass awer bis haut net gelongen.

Christiane Kleer / Sophie Morang / tt

Test
Foto: Bigstock

Lauschteren

Déi wichtegst Etapp am Kampf géint den Aids war d'Entwécklung vun den "antirétroviraux" Medikamenter seet d'Dokter Carole Devaux vum Comité de surveillance du Sida. Bei enger Persoun, déi déi Medikamenter richteg hëlt, géif d'Viruscharge esou kleng ginn, datt de Virus net méi ze detektéieren an och net méi iwwerdrobar ass. "Domat gouf d'Epidemie gestoppt" - seet d'Dokter Carole Devaux - zënter 2010 wieren domat weltwäit 30 Prozent manner Infektioune registréiert ginn.

Keen Impfstoff

En Impfstoff gouf bis ewell net fonnt. "Et ass e komplexe Virus, dee mutéiert" explizéiert d'Carole Devaux: "E resistéiert op e Vaccin mat Anticorpsen!" Et géif een elo éischter no engem therapeutesche Vaccin sichen, mee och dee géif keng Heelung bréngen.

Et stierwen nach ëmmer Leit, well se net oder net séier genuch Accès zu engem Traitement hunn. Virun allem um afrikanesche Kontinent wier dat e grousse Problem, esou d'Carole Devaux.

Impakt vun der Corona-Kris op den Aids

Zënter der Coronapandemie si weltwäit - och zu Lëtzebuerg - manner Tester op den HIV gemaach ginn. D'Leit wollte sech wuel net teste loossen, aus Angscht virun enger Infektioun mam Coronavirus. "Et ass ze fäerten, datt d'Zuelen an d'Luucht ginn", seet d'Presidentin vum Comité de surveillance du Sida. "Et ass eng Situatioun, déi ka beonrouegen!"

Méi zum Thema

HIV Selbsttest
Krankheet

Zejoert hu sech manner Leit mam HI-Virus infizéiert wéi nach 2017. Dat ass déi éischt Baisse zanter 2013. Dat geet aus dem Rapport d'activité vum Comité fir d'Iwwerwaachung vun AIDS ervir.

truvada.jpg
HIV-Präventioun

De Gesondheetsministère préift, ob d'Medikament "Truvada" och zu Lëtzebuerg fir d'Präventioun vun HIV-Infektioune soll agesat ginn. Duerno kéint et da fir deen Zweck vun der CNS rembourséiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen