Franséisch Presidentiellen 2017 "Et ass net erlaabt, net ze zeechnen!"

Fir d'Karikaturiste Besse, Samson, Pakman a Willem wier eng Victoire vum Front National bei de Presidentiellen eng Katastroph. An een Usporn fir déi fräi Meenungsäusserung mat Zeechnungen ze verdeedegen.

Valerija Berdi / po

dessinateurs de presse.jpg
Foto (v.l.n.r.): Camille Besse, Bernhard Willem, Virginia Ennor, Pakman

D'Wanderausstellung "Le FN au bout du crayon" ass aktuell zu Knutange an der Lorraine ze gesin. Gewise ginn 160 Biller a Karikaturen, déi sech kritesch mam Phänomen vum rietsextreme Front National ausenaner setzen. Dorënner sinn Zeechnungen vum Camille Besse, Pierre Samson, Pakman a Willem.

Eng Debatt, een Attentat

Déi Escher Kulturfabrik hat den 20. Abrëll zu engem Diskussiounsowend mat de véier Karikaturisten invitéiert. Theme waren d'Grenze vun der Fräiheet, vun der Toleranz an d'Bedeitung vu politeschen Zeechnungen. Dee selweschten Owend koum d'Noriicht, datt bei enger Schéisserei op de Champs-Elysées op d'mannst ee Polizist ëm d'Liewe komm ass. Déi radikal-islamesch Terrormilice "Islamesche Staat" huet d'Attentat kuerz drop revendiquéiert.

D'Attentat géif si rose maachen a verzweifelen, seet d'Camille Besse. D'Zeechnerin huet hir éischt Karikatur bei "Charlie Hebdo" publizéiert a schafft elo haaptsächlech fir déi feministesch Zeitung "Causette".

Knaschteg Gueulen

Mat der aktueller Wahlkampagne huet d'Camille Besse zimlech d'Flemm: "Ech wëll hir Gueulen net méi molen an endlech nees eppes aneres maachen." D'Sympathie fir d'Protagonisten géif d’Plomm vun den Zeechner natierlech beaflossen, seet d'Camille Besse: "Déi, déi een net gär huet, deene molen ech eng vill méi knaschteg Gueule."

Ee Succès vum Front National bei de Wahle wier fir "eis als Bierger" eng Katastroph, mengt d'Zeechnerin. D'Karikaturisten hirersäits hätten dann natierlech vill Aarbecht. "Déi lénk Press verkeeft am Beschten ënnert enger rietser Regierung. Mir géifen eng also Fortune maachen." (laacht)

Keng Angscht, mee Roserei

De Bernard Willem huet d'Attentat vum 7. Januar 2015 op d'Redaktioun vun der Satire-Zäitschrëft "Charlie Hebdo" iwwerlieft, well hien ni un de Redaktiounssëtzungen Deel geholl huet. Dowéinst war hien och deen Dag net an der Rue Nicolas Appert present.

De Willem ass kee Mann vu ville Wierder. Trotzdem war hie bereet no der Diskussiounsronn op e puer vun eise Froen z'äntwerten. D’Attentat op "Charlie Hebdo" hätt an him eng grouss Roserei ausgeléist an d’Bedürfnis fir mat Zeechnungen z’äntwerten. Zur Fro, ob hien Angscht huet, seet hie mat engem Laachen: Wann een hie wéilt ëmbréngen, kéint en dorunner wuel kaum gehënnert ginn.

D'Fräiheet vum Crayon

Eng eventuell Victoire vum Front National bei de Presidentiellen bedeit fir de Willem, datt sech vill géif änneren: "Fir jiddereen, och fir mech perséinlech. Mir riskéiere vill ze verléieren, virop d’Meenungsfräiheet. A mir riskéiere engem méi groussen Drock ausgesat ze sinn."

Hie géif sech keng Illusioune maachen, datt hie mat sengen Zeechnungen iergendwéi d’Bierger kéint beaflossen, seet de Willem. D’Presidentiellë si fir d’Zeechner intensiv Momenter, déi vläicht besonnesch inspiréieren? "Inspiratioun ass ee grousst Wuert, natierlech muss een Zeechnungen iwwer d’Presidentiellë maachen. Et ass net erlaabt, net ze zeechnen." Een Zeechnung wier Synonym fir Fräiheet: "Mat engem Crayon kann een alles maachen."

"D'Leit verstin d'Welt net méi"

De Pierre Samson, deen d’Zäitschrëft "Satiricon" an d’Liewe geruff huet an och fir déi grouss franséisch Dageszeitunge zeechent, weist sech besuergt iwwer déi aktuell politesch Entwécklungen. De Front National wier scho laang eng Preoccupatioun:

"Et gëtt ëmmer gesot, de Front National hätt Succès bei den Aarbechter, mee am Fong huet e besonnesch Succès an de ländleche Géigenden. Déi Leit ville sech declasséiert. Ech hunn doriwwer mat engem Rapper aus enger Banlieue geschwat, a mir hu gemierkt, datt et um Land an an de Virstied déi selwescht Problematik ass : D’Leit fille sech am Stach gelooss an hunn d’Impressioun d’Welt net méi ze verstoen. An da flüchte si sech bei de Front National. Domadder schéisse si sech natierlech an de Knéi, si mierken net, datt dat net an hirem Intérêt ass."

Fir de Fall, datt esou wäit kënnt an déi nächst franséisch Presidentin Marine Le Pen heescht, huet de Pierre Samson awer eng agreabel Léisung fonnt, geckst den Zeechner: "Ma ech géif op Lëtzebuerg flüchten an do politeschen Asyl ufroen".

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

FN-Stand um Maart vu Forbach
Franséisch Presidententiellen 2017

Forbach ass nom Enn vun de Kueleminnen an der Lorraine eng Héichbuerg vum Front National ginn. Firwat et dozou komm ass, versicht de Régis Sauder am Dokumentarfilm "Retour à Forbach" z'erklären.

Marine Le Pen zu Metz
Franséisch Presidentiellen 2017

D'Marine Le Pen war den 18. Mäerz fir ee Wahlkampfoptrëtt zu Metz. Hir Sympathisante gesinn d'Presidentschaftskandidatin vum rietsextreme Front National als Alternativ zu den etabléierte Parteien.

De Grand-Duché wier net direkt bedrot duerch esou eng Zort Attentater, wéi et se a Frankräich gouf. Op allefalls géifen et keng Informatioune vun auslännesche Geheimdéngschter an deem Sënn ginn, esou de Justizminister Félix Braz an der Emissioun Riicht Eraus läschte Samschdeg.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen