Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt "Et ass keen Enn vun der Aarbecht a Siicht"

D'Digitaliséierung huet e groussen Impakt d'Aarbechtswelt. Vill Leit hunn Angscht virun dëser séierer Verännerung. Brauch eis Gesellschaft en neit Verständnis vun der Aarbecht?

Maxi Pesch / cbi

Franz Clément
De Franz Clément, Soziolog a Chercheur beim LISER

D'Rifkin Etude wier wichteg am Prozess vum digitale Wandel zu Lëtzebuerg. Dat seet de Franz Clément, Soziolog a Chercheur beim LISER. Zanter e puer Joer géif jiddwereen iwwer d'Digitaliséierung schwätzen an doriwwer, wéi de séiere Wandel sech op d'Aarbechtswelt auswierkt.

D'Gesellschaft huet sech nach ëmmer missten upassen

D'Gesellschaft hätt sech schonn ëmmer missten upassen, erkläert de Franz Clément unhand vun engem konkrete Beispill. Am 16. Joerhonnert hätt de William Lee an England eng Bitzmaschinn erfonnt. Deemools hätt een déi kinneklech Erlaabnis gebraucht fir seng Erfindung ze verkafen, a sou huet hien déi deemoleg Kinnigin Elisabeth ëm eng Autorisatioun gefrot. Si hätt him awer gesot, datt si seng Erfindung zwar interessant géif fannen, mee si wollt et him net erlaben, se ze kommerzialiséieren, well dann d'Néieschen uechter d'Land keng Aarbecht méi hätten.

Déi selwecht Reflektioun géif een haut, fënnef Joerhonnert méi spéit, nach ëmmer an der Gesellschaft erëmfannen. Et hätt een nach ëmmer Angscht, d'Enn vun der Aarbecht ze erreechen. Dëst wier awer nach ëmmer net geschitt, an d'Aarbecht wier och nach ni ganz ofgeschloss gewiescht.

Educatioun un d'Evolutioun upassen

Et ass de séiere Rhythmus vum technologesche Wandel, dee ville Leit haut Angscht mécht, esou de Franz Clément. En Ëmdenken a permanent Formatioune wiere wichteg fir d'Aarbechtswelt un déi digital Evolutioun unzepassen.

De Soziolog seet, datt d'Aarbecht vum Educatiounsminister dofir extrem schwiereg wier, an dat op der ganzer Welt, well een déi gesellschaftlech Ausbildung misst un de Fortschrëtt upassen, an deelweis Formatioune fir Beruffer ubidden, déi et zum Deel nach net ginn. Verschidde Studien, déi an den USA gemaach goufen, géife virausgesinn, datt mir an 20 bis 25 Joer mat Beruffer konfrontéiert sinn, déi mIr haut mol nach net kennen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Digitaliséierung
Digitaliséierung

Duerch d'Digitaliséierung géif d'Aarbecht engersäits automatiséiert an anerersäits flexibiliséiert ginn, esou eng Etüd. D'Flexibiliséierung hätt awer méi staark Auswierkungen zu Lëtzebuerg.

Michel Wurth, Nicolas Schmit, Jean-Claude Reding
Riicht eraus

Déi drëtt industriell Revolutioun verännert net nëmmen d'Aarbechtswelt. Et géing och u Leit feelen, déi déi néideg digital Kompetenzen hunn. Et soll dofir en individuellt Recht op Weiderbildung ginn.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen