Radioen

On air

Notturno  |  Thee Marloes - Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass extrem vill geschitt"

Flüchtlingen

"Et ass extrem vill geschitt"

D'Corinne Cahen verteidegt d'Integratiounskonzept fir Flüchtlingen. Mam "Parcours d'intégration accompagné" (PIA) gi vum Hierscht u Sproochen- a Civique Coursen obligatoresch fir Flüchtlingen. Et wär ee prett fir en Undrang vu weidere Flüchtlingen "esou gutt wéi méiglech ze geréieren", seet d'Integratiounsministesch. Si verweist op déi nächst Regierung fir nei Opfaangstrukture fir Flüchtlingen ze bauen.

auto_stories

3 min

D'Corinne Cahen wiert sech géint d'Reprochë vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Deen hat kritiséiert, datt d'ONG'en net matagebonne gi wieren an d'Ausschaffe vum PIA, dem "Parcours d'intégration accompagné" fir Leit, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen. Et géing ee sech all Dag um Terrain mat den ONG'en austauschen, seet d'Integratiounsministesch. D'Konzept vun der Regierung gouf vum Educatiounsministère ausgeschafft. D'ONG'en kritiséieren, datt d'Konzept net méi wäit geet wéi dat, wat et aktuell schonn u Begleetmoosnahme fir Flüchtlinge géif ginn.

LISKO a PIA

Et wier ganz vill geschitt zanter engem Joer, ënnersträicht d'Corinne Cahen. Esou wär de LISKO (Lëtzebuerg Integratiouns- a Sozialkohäsiounszenter - Croix Rouge) geschaf ginn. E Genre ambulanten Office social, dee sech ëm d'Integratioun vun de Leit këmmert an hinnen an hiren administrativen Demarchen hëlleft, erkläert d'Corinne Cahen.

Beim PIA, dem "Parcours d'intégration accompagné", geet et drëms, d'Leit direkt an obligatoresch Sproochen- a Civique Coursen ze schécke wa se ukommen. "Wou d'Leit geléiert ginn, wéi mir hei zu Lëtzebuerg als Gesellschaft funktionéieren. Wéi d'Männer an d'Fraen zesumme liewen. Wat hir Rechter a Flichte sinn."

"Et ass extrem, extrem vill geschitt", seet d'Corinne Cahen. Mee et wär schwiereg, well een et mat ganz ënnerschiddleche Leit ze dinn hätt. Et wär e risegen Effort, fir déi Coursen op d'Been ze stellen. D'Konzept soll am Hierscht ulafen. De Projet war am Mäerz am Regierungsrot ugeholl ginn.

D'Efforte vun der Zivilgesellschaft

D'ONGen hu kritiséiert, datt et kee Konzept géif gi fir d'Flüchtlingen och am Alldag ze begleeden. E groussen Deel vun den Integratiounsefforten am Alldag géingen op d'Zivilgesellschaft zréckfalen, bedauert de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. "Dat normal ass jo normal, datt déi vun der Zivilgesellschaft gemaach gi", seet d'Integratiounsministerin, déi drop verwisen huet, datt éier si Ministerin war, si selwer als Benevole bei Flüchtlingen aktiv war.

Nei Foyeren no der Flüchtlingskris

Aktuell klammen d'Zuele vu Flüchtlingen. Op d'Fro, ob d'Autoritéite virbereet sinn op eng weider Hausse, huet d'Corinne Cahen op déi nächst Regierung verwisen. "Et ass un der Responsabilitéit vun där Regierung, déi dann en Place ass, wa keng Flüchtlingskris méi ass, fir da massiv ze bauen. Mir maachen d'Weilerbaach elo frësch."

Uechtert d'Land géingen och eng Rei Foyere fir Flüchtlingen opgemaach ginn. Zum Beispill zu Beetebuerg an an der Millebaach. D'Prozedure fir esou Strukture wäre ganz laang, ënnersträicht d'Ministerin. Esou hätt de Bau vun der Struktur zu Suessem 6 Joer gebraucht.

"Kee weess, wat muer ass. Mir wëssen aktuell, datt d'Situatioun um Terrain aktuell absolut gutt geréiert gëtt vun deenen Acteuren, déi um Terrain aktiv sinn."

"Wat dëse Summer geschitt, dat wësse mir net"

Fir d'Joer 2017 si bis elo all Mount iwwer 200 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm. Am Januar hat den Direkter vum OLAI, Yves Piron um 100,7 gesot, et géing een un d'Grenze vun de Kapassitéite vun den Opfaangstrukture stoussen. Hien hat vun engem "massive, stabelen Afflux vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg" geschwat. Et gëtt domadder gerechent, datt an de Summerméint d'Zuel vu Flüchtlinge weider a méi staark klëmmt.

"Wat dëse Summer geschitt, dat wësse mir net. Mee mir sinn op jiddwer Fall prett, fir den Challenge un ze goen. Respektiv, wäerte mir dann och do probéiere, fir dat esou gutt wéi méiglech ze geréieren", seet d'Corinne Cahen.