Dëse Back Stop gesäit vir, datt et nom Brexit an enger Iwwergangsphas keng haart Grenz tëschent Nordirland an Irland wäert ginn, esou datt Mënschen a Wuere weiderhin ouni Problem hin an hier passéiere kënnen.
Eng gedeelte Meenung
Ëm déi 300 Grenziwwergäng ginn et tëschent dem briteschen Nordirland an der Republik Irland. Een dovun ass ganz am Norden, wou de Floss Foyle d'Grenz ass. Op där britescher Säit läit d'Stad Strabane, op där anerer déi iresch Provënz Donegal an déi éischt kleng Uertschaft Lifford.
Wäit ewech vu Belfast, wou déi haart Positioun vun der DUP méi Sympathisanten huet, e puer honnert Meter vun der Republik Irland ewech, hu vill Nordiren d'Flemm mat der DUP. Am Interview seet ee Mann aus Nordirland, datt hien et net korrekt géigeniwwer jiddwerengem an Nordirland géif fannen. D'Leit vu Straben hätten eng aner Meenung wéi d'DUP.
Eng ongewëss Zukunft
Eng aner Fra aus Nordirland behaapt, datt d'Leit während dem Referendum net alleguer d'Fakte presentéiert kritt hätten. Nordirland hätt majoritär géint de Brexit gestëmmt. Wann et elo awer zum Brexit komme géif, da géife si géint hire Wëllen aus der EU eraus forcéiert ginn. Si seet, si géif sech virun allem ëm déi Jugendlech Suerge maachen, déi elo net wéisste wat maachen a wie si wiele sollten. "Dem Boris Johnson geet et just drëms neie Premier ze ginn a wann dat géif geschéien, wier et méi schlëmm wéi den Trump."
Op der anerer Säit vun der Grenz an der Republik Irland huet ee ganz ähnlech Ängschten. Eng Fra aus Donegal huet den Androck, datt d'Leit am Norde vun der Republik e bësschen op sech eleng gelooss sinn. Si seet vill Leit zu Dublin wéisste mol net, wou Donegal wier. "Mir musse forcement iwwer d'Grenz fueren, besonnesch meng Kanner mam Bus, well si am Rescht vun Irland studéieren. Wann elo nees eng haart Grenz agefouert gëtt, wat geschitt dann? Musse mir eng Stonn waarden?"
"Back Stop ass éischter e Problem vun de Mënschen"
En anere Mann aus dem iresche Lifford fënnt d'Backstop-Léisung guer net esou schlëmm."Wann et wierklech esou duerchgesat gëtt, wéi et am Moment um Dësch läit, da wäert et eis net affektéierten". Et géif nämlech an deem Fall keng Delaien a béid Richtunge ginn, weder am Norden, nach am Süden. Et wier also wéi wann et ee verreent Irland géif ginn.
Hie gleeft net, datt de Backstop e Problem vum Mouvement vu Wuere wier, mee vill méi vum Mouvement vun de Mënschen. "De Problem ass an den Häerzer an an de Käpp vun de Leit, et gëtt gefaart, datt et nees zu Gewalt wäert kommen, falls et iergend een Zeeche vun enger haarder Grenz wäert ginn."
"Et ass de Politiker hir Schold"
Op béide Säiten dominéiert e Gefill vun der Flemm, wann een d'Wuert Brexit héiert. Et ass e Chaos, fir deen d'Politik verantwortlech ass, seet ee Mann aus Nordirland: "Et ass de Politiker hir Schold. Mir hu gewielt fir d'EU ze verloossen, an et ass wéi wann d'EU eis elo géif bestrofen." Hien huet Angscht, datt et wéinst de Politiker zu engem No Deal géif kommen.
Déi iresch Regierung zu Dublin weess net genee, wéi et weidergoe wäert. Den 3. Januar koum de Cabinet vum Premier Leo Varadkar zesumme fir iwwer méiglech Gesetzer ze diskutéieren, déi am Fall vun engem No Deal missten agefouert ginn.