Gemengewahlen "Et ass Asbest fonnt ginn"

Am Hierscht hätt den Hotel op der Maartplaz zu Iechternach sollen ofgerappt ginn. D'Petite Marquise steet zënter méi wei 20 Joer eidel. Elo ass eng Asbest-Belaaschtung festgestallt ginn an de Chantier kritt op e neits Retard, huet den CSV-Buergermeeschter Yves Wengler confirméiert.

Matthias Kirsch

Wengler-Becker
Den Yves Wengler, Buergermeeschter vun Iechternach, an de Raymond Becker, Gemengeconseiller

Eréischt gëschter ass am Gebai Asbest fonnt ginn. "Mir mussen elo de Rapport ofwaarden", sou den Yves Wengler, "da wësse mer, wéini kann ofgerappt ginn." De Buergermeeschter wëll awer sou séier wéi méiglech d'Saach iwwert Bühn bréngen. "Et wär flott gewiescht, wann dat virun de Wahle geschitt wier. D'Iechternacher Bierger sinn no 21 Joer mësstrauesch ginn."

Et wier wichteg, datt de Gemengerot sech iwwerhaapt fir e Kaf vum Gebai decidéiert hätt, sot de grénge Gemengeconseiller Raymond Becker. "Fir Iechternach ass dat, wéi de Phoenix aus den Äschen." Et wier dofir och net sou schlëmm, op elo am September oder eréischt méi spéit tatsächlech ofgerappt gëtt. "De Problem "Marquise" ass sou gutt wéi geléist."

Zukunft ass "slow tourism"

Och wann et dem Tourismus zu Iechternach gutt geet, hätt d'Hotelsbranche an der Gemeng awer e Problem. Fir den Yves Wengler läit de Problem doranner, datt vill Familljebetriber net weidergefouert ginn. "D'Gemeng kann net vill entgéintsteieren. Dat ass eng Saach vu Subsiden."

De Raymond Becker ass iwwerdeems der Meenung, datt Iechternach eng ganz gutt Ausgangspositioun huet, wat den zukünftegen Tourismus ugeet. "Wat ass den Tourismus vu muer? D'Leit wëlle Kultur a Soziales erliewen. Et ass net méi: ëmmer méi wäit, ëmmer méi héich. D'Leit wëlle méi buedemstänneg ginn." De Gemengerot hätt finanziell säin Deel dozou bäigedroen, fir Konzepter wéi "slow tourism" z'erméiglechen.

"Etude ginn net duer"

Net zefridden ass de Gemengeconseiller vun déi gréng awer mat der Roll vun der Gemeng am Klimapakt - obwuel Iechternach fir seng Aarbecht an der Energie- an Ëmweltschutzpolitik zertifiéiert ginn ass. Et géif net duergoen, just Etuden ze maachen a Prozentzuelen z'erreechen. "Zu Iechternach ass et laang verschleeft ginn, iwwerhaapt an deem Klimapakt serieux unzefänken." Et misst een awer och d'Leit mat konkreten Aktioune begeeschteren, zum Beispill mat engem Veloskonzept fir Iechternach.

"Et ass net sou, datt näischt gemaach gëtt", reagéiert den Yves Wengler op déi Kritik. "Mä et ass effektiv esou, datt et e bësse geschleeft huet. Et ass esou, datt wann een als Politiker net hannendrun ass, da geet et och net virun."

Zil: Fra am Gemengerot

Bei de Gemengewahlen wëll den CSV-Buergermeeschter iwwerdeems Beschtgewielte ginn. De Marc Diederich, deen 2011 Beschtgewielten op der CSV-Lescht war, geet och dësen Hierscht nees mat an d'Wahlen. "Wann ech net als Beschtgewielten erauskommen, dann hu mir e Problem. Dann hunn ech wahrscheinlech och eppes falsch gemaach."

déi gréng mussen dëst Joer ouni hir Beschtgewielte vun 2011 - déi aktuell Ëmweltministerin Carole Dieschbourg - untrieden. "Si war natierlech eng ganz staark Kandidatin, an déi eenzeg Fra am Gemengerot." Dofir hätt een en Effort gemaach, fir op deem Plang nozezéien, sou de Raymond Becker. Sechs vun den 11 Kandidaten op der Lëscht vun déi gréng zu Iechternach si Fraen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Raoul Clausse, Jean Konsbruck.JPG
Gemengewahlen

Déi klengste Gemeng am Land wëll och an noer Zukunft net fusionéieren. Et hätt ee wéineg finanziell Ressourcen an et wier een op staatlech Hëllef ugewisen, seet de Buergermeeschter vu Sëll.

The basilica in Echternach in Luxembourg in Europe
Kierchefabricken

De Premier wëll seng Engagementer nom Accord tëschent der Iechternacher Kierchefabrick an dem Bistum anhalen. Een Accord, deen trotz enger Plainte géint de Bistum zustane komm ass.

Jean-Claude Hollerich2.JPG
Kierchefabricken

De Sträit bannent der Kierch spëtzt sech zou. Den Äerzbëschof refuséiert, d'Konventioun iwwert d'Basilika z'ënnerschreiwen, wéinst enger Klo vu Kierchefabricken an hirem Daachverband.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen