arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esou war d'Joer 2018 an den USA

Réckbléck 2018

|
reading time

7 min

Esou war d'Joer 2018 an den USA

An dëse leschten Deeg vum Joer 2018 gelt et nach eng Kéier zeréckzekucken op d'Evenementer, déi déi lescht 365 Deeg gepräägt hunn. Iwwer kee Land gouf wuel esou vill geschriwwen, wéi iwwer d'USA.

reading time

7 min

Et beweegt sech alles ganz séier zanter zwee Joer zu Washington. Een eenzegen Dag huet dacks genuch Noriichten, Skandaler, a Fait diverse fir eng ganz Zeitung ze fëllen. Een Dag dauert zu Washington a besonnesch am Wäissen Haus elo eng Woch, eng Woch kennt engem vir wéi ee Mount, a wat viru genee engem Joer geschitt ass, dat ass al Geschicht.

De Sommet tëschent Trump a Kim, dat war dëst Joer, d'Masseschéisserei an engem Lycée zu Parkland a Florida, dat war och dëst Joer. Amerikanesch Militärugrëff géint de syresche Regime, och dat war 2018.

2018 war den Jim Mattis nach Verdeedegungsminister, de Rex Tillerson war nach e puer Méint laang Ausseminister, an de Justizminister huet nach ëmmer Jeff Sessions geheescht. Dem President säin Affekot war nach net zu dräi Joer Prisong veruerteelt an den Numm Stormy Daniels hate just hir richteg Fans bis dohin héieren.

Chaos am Wäissen Haus: Shutdown

Wéi behält een do den Iwwerbléck? Mir probéieren et mat Chronologie. D'Joer 2018 huet esou ugefaangen, wéi et ophält. Mat Chaos am Wäissen Haus, natierlech, mee och mat engem sougenannte Shutdown, wou wéinst Mangel u Budget en Deel vun de staatlechen Depensen den 20. Januar hu misse gestoppt ginn.

Desaccorden tëschent dem Wäissen Haus an den zwee Haiser am Kongress hunn dozou gefouert, trotz der republikanescher Dominanz, déi am Januar wäert eriwwer sinn.

Masseschéissereien

Am Februar goufe 17 Leit an engem Lycée a Florida vun engem jonken Amerikaner mat Zougang zu Krichswaffen erschoss. No der Trauer huet den US-President Donald Trump ugedeit, hie wier bereet, sech fir méi streng Waffegesetzer anzesetzen.

Der Waffen-Lobby vun der NRA huet dat guer net gefall a si huet et gepackt de President ze iwwerzeegen, datt éischter méi Waffen a Schoulen d'Léisung wier. Ee Grupp Lycéesschüler aus der Stoneman Douglas High School hunn entscheet, hir Oppositioun an déi eegen Hänn ze huelen. Am Mäerz hu si et gepackt, Honnertdausende vu Leit zu Washington an an aneren amerikanesche Stied an d'Stroossen ze ruffen a fir méi streng Waffegesetzer ze manifestéieren. Vum Donald Trump gouf et keng Reaktioun.

Taxen op Stol- an Aluminiumimporter

Am Mäerz huet hien dunn Entscheedunge getraff, déi e groussen Afloss op seng ganz Presidentschaft géifen hunn. Éischt Taxen op Stol- an Aluminiumimporter an d'USA goufe vum President versprach, e Verspriechen, dat hien agehalen huet. En Handelssträit ass am Gaangen, besonnesch mat China.

Bis an den drëtte Mount vum Joer hunn et de Rex Tillerson an den HR McMaster gepackt. Den Ausseminister an den nationale Sécherheetsberoder goufen allen zwee mat Leit aus dem Trump sengem méi enke Krees ersat. Eng méi aggressiv Aussepolitik vis-à-vis vum Iran war dat direkt Resultat.

Aussepolitik: Réckzuch aus Syrien

Mat der neier Equipe u Bord gouf de Regime vum syresche President Bashar Al-Asad ugegraff. D'USA, Frankräich, Groussbritannien a Frankräich hu sech fir d'Loftattacken zesummegedoen. Dobäi blouf et, eng Eskalatioun vum Krich a Syrien vun den USA aus gouf et net.

De Géigendeel gouf um Enn vun dësem Joer annoncéiert. Den Donald Trump wëllt all amerikanesch Truppen aus Syrien zeréckzéien, an d'Hallschent vun den amerikaneschen Zaldoten aus dem Afghanistan heem bréngen. Fir den Trump ass et e weidert Wahlverspriechen, dat hien anhält.

Erausklammen aus Nuklearofkommes

En aner Wahlverspriechen, dat den Donald Trump ageléist huet, ass datt hien am Mee entscheet huet, net op d'europäesch Partner ze lauschteren an d'USA aus dem Nuklearofkommes mam Iran zeréckzezéien.

D'Joer 2018, genee wéi d'Joer 2017, ass vum Trump senge Versich gepräägt, déi grouss Entscheedunge vu sengem Virgänger réckgängeg ze maachen. Am Mee ass och offiziell déi amerikanesch Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem gezunn.

Eng nei Immigratiounspolitik mat Mexiko

D'Trump-Regierung stoung seele méi ënner Drock, wéi no der Entscheedung eng nei Immigratiounspolitik op der Grenz mat Mexiko ze starten. Déi sougenannt "zero tolerance" Immigratiounspolitik huet zu der Trennung vun Elteren an hire Kanner geleet, kuerz no hirer Arees.

Enorme politeschen Drock huet den Donald Trump endlech dozou gefouert dës Politik ze stoppen, mee de Schued war scho geschitt.

Treffe mam Kim Jong-Un

Wann et eng Foto gëtt, déi d'Joer vum Donald Trump resuméiert, dann ass et wuel dee Moment, wou hien dem nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-un d'Hand gëtt an déi zwee zu Singapur matenee laachen.

Eng Frëndschaft soll entstane sinn, an et goufe Verspriechen ënnerschriwwe fir eventuell den Atomprogramm vu Pjöngjang ze stoppen. Konkret Resultater gouf et zanterdeem an deem Dossier keng.

Treffe mam Vladimir Putin

Am Juli koum et zu engem weideren Treffen, dës Kéier zu Helsinki. Trump a Putin stoungen no niefteneen an der Pressekonferenz. Den Trump huet do refuséiert dem Putin d'Responsabilitéit ze gi fir d'Amësche vu Russland am amerikanesche Wahlkampf.

Den amerikanesche President schéngt do sengem russesche Géigeniwwer éischter gegleeft ze hunn, wéi den amerikanesche Sécherheetsdéngschter.

En neie Riichter fir d'Supreme Court

Am Juli dunn, eng vun de wichtegsten Entscheedunge vum Donald Trump: en neie Riichter am Supreme Court huet missen annoncéiert ginn, nom Récktrëtt vum Anthony Kennedy. De Brett Kavanaugh war de Choix vum President, ee Choix, deen dem Trump seng Beléiftheet bei senge Supporter garantéiert.

Eréischt no engem ellene Sträit a Virwërf vu sexueller Belästegung a senger Vergaangenheet gouf de Kavanaugh vum Senat confirméiert. Dat héchst Geriicht am Land gouf esou am September méi konservativ.

Verstuerwe Politiker

De President hat wéineg Guddes ze soen iwwer de Senator John McCain, wéi hien am August am Alter vun 81 Joer gestuerwen ass. Hie war net an der Kathedral fir eng Zeremonie, an där den Trump och vum verstuerwene Senator senger Duerschter subtil ugegraff gouf.

Eng Nostalgie fir eng al, manner aggressiv amerikanesch Politik koum op, eng Nostalgie, déi nach eng Kéier mam Doud vum fréiere President George H.W. Bush am November Honnerte Leit an den amerikanesche Kongress bruecht huet fir dem 41. President vun den USA nach eng Kéier Äddi ze soen.

Naturkatastrophen

An deene leschte Méint vum Joer koum et zu schlëmmen Naturkatastrophen, déi vun deene meeschten Experten als Resultater vum Klimawandel zitéiert ginn.

Den Hurrikan Florence huet déi amerikanesch Ost-Küst am November getraff. Den Hurrikan Michael huet am Oktober uerg Zerstéierung a Florida bruecht. A Kalifornien hunn déi schlëmmst Bëschfeier an der Geschicht vum Staat eng ganz Stad zerstéiert. De President seet, hie gleeft weiderhin net un de Klimawandel.

Nach eng Masseschéisserei

Eng weider schlëmm Masseschéisserei, déi Kéier an enger Synagog zu Pittsburgh, huet d'Land nees schockéiert, mee huet nees keng Changementer bruecht. Et war en antisemiteschen Ugrëff. Statistike weisen, datt esou politesch a reliéis motivéiert Attacke während dem Donald Trump senger Presidence méi dacks virkommen.

November: Den Donald Trump kéint Problemer kréien

Den November ass de Mount, deen dem President kéint zum Problem ginn. Säi fréieren Affekot goung an de Prisong a wollt wëssen, datt den Trump hien ugestallt hat eng Pornoschauspillerin an eng Zeitung ze bezuelen, fir d'Detailer vu presuméierten Affären net un d'Liicht ze bréngen.

Den Trump wollt esou de Wahlkampf beaflossen, sot säi fréieren Affekot. Dat ass illegal, den Trump ass beschützt, well hie President ass. Anescht wier och hie vläicht verhaft ginn.

Midterm-Wahlen

Politesch Konsequenze fir eng chaotesch Presidence a fir e gespléckt Land gouf et den 8. November. An de Midterm-Wahle kruten d'Demokraten d'Kontroll vum Representantenhaus an hu versprach, et dem Trump an Zukunft net einfach ze maachen.

Eng Konsequenz: am Wäissen Haus an an der Regierung koum et séier zu Wiessel. De Justizminister Jeff Sessions gouf erausgehäit.

Et gëtt ëmmer méi chaotesch

Amerika kuckt zum Enn vum Joer no, wéi d'Entscheedunge vum President ëmmer méi chaotesch an abrupt ginn.

Den annoncéierte Réckzuch vun allen amerikaneschen Truppen aus Syrien gouf ganz eleng vum President entscheet, ouni iergendeen Afloss vum Verdeedegungsminister Jim Mattis. Hien huet säi Récktrëtt annoncéiert. Et gëtt gesot, datt dee leschten Erwuessenen esou d'Trump-Regierung verléisst.

Nervositéit och op der Wall Street

Zum Schluss vum Joer weist Wall Street Nervositéit, de President kritiséiert d'Zentralbank, an de Finanzminister muss sech vergewësseren, datt déi amerikanesch Banke stabil bleiwen. Den Donald Trump insistéiert awer, Amerika géif et gutt goen an hien huet zu engem gewëssen Deel Recht, de Chômage ass historesch niddreg.

Dat geet him awer net duer: hie wëllt nach ee Wahlverspriechen anhalen: de Bau vun enger Mauer op der Grenz tëschent den USA a Mexiko. De Kongress refuséiert d'Mauer an de Budget anzebauen. De Mangel u Budget féiert zum Shutdown. Den Dysfonctionnement vun der amerikanescher Politik ass nees confirméiert.