Trennung Kierch a Staat Eskalatioun am Konflikt ëm Zukunft vu Kierchefabricken

De Sträit tëscht dem Daachverband vun de Kierchefabricken an der Regierung ëm d'Proprietéite vun der Kierch spëtzt sech zou. De Marc Linden, Vizepresident vum Syfel, dreet der Regierung mat Prozesser.

Mick Entringer / ys

Marc Linden
Marc Linden (Foto: Archiv)

Sollt sech weisen, datt d’Regierung hire Gesetzprojet iwwert de Kierchefong duerchgebaatscht huet, da wäerten Expropriatiounsprozesser op d'Regierung duerkommen, sou de Marc Linden, Vize-President vum Syfel e Mëttwoch de Moien um radio 100,7. Doriwwer eraus géing den Daachverband vun de Kierchefabricken eng Plainte um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg envisagéieren, wéinst Amëschung vum Staat an d'Reliounsfräiheet.

Wann de Bistum sech op d'Säit vum Syfel géing stellen, da kéint den Daachverband vun de Kierchefabricken d'Plaintë géint den Äerzbëschof an de Generalvikar faleloossen.

Kierchefabricke si juristesch Entitéiten a lokal Proprietairen a Gestionnairë vun Immobilië vun der kathoulescher Kierch. Am Kader vun der Trennung vu Kierch a Staat, an der Konventioun tëscht Regierung a Bistum, sollen déi juristesch Entitéiten opgeléist ginn an an e Fong vun der Kierch fléissen. De Syfel, de Verband vun de Kierchefabricke wëll dat net, an huet, no vill Sträit mam Bistum rezent en Accord mat deem fonnt, wéi d'Kierchefabricken an Zukunft erhale kënne bleiwen. Domadder géing awer d'Konventioun tëscht der Regierung an dem Bistum a Fro gestallt ginn.

Fir den Inneminister ass dat ausgeschloss. Enger Propos vum Dan Kersch no dierfte sech d'Kierchefabricken zwar lokal organiséieren, mee als Ënnerorganisatioun vun engem Kierchefong. De Syfel lehnt dat of.

Am Regierungsrot wëll den Inneminister Dan Kersch um Mëttwoch Amendementer presentéieren zum Gesetzprojet iwwert d'Schafung vum Kierchefong.


Interview mam Invité vu Dag Marc Linden

Marc Linden

Op senger Generalversammlung en Dënschdeg huet de Syfel säin Accord mam Bistum iwwert d'Gestioun vun den Immobilie vun de Kierchefabricke verdeedegt

Generalversammlung Syfel

Méi zum Thema

Riicht Eraus Riicht Eraus
Méi grouss Trennung tëscht Kierch a Staat

Den Inneminister ass am Sträit ëm d'Zukunft vun de Kierchefabricken net averstane mam Virschlag vum Bistum a vum Syfel. Hien huet e Géigevirschlag gemaach - a wënscht sech bis de Méindeg eng Äntwert.

Dan Kersch
Trennung vu Kierch a Staat

Et gëtt eng grondsätzlech Eenegung tëscht dem Bistum an dem Daachverband vun de Kierchefabricken. Dem Inneminister no wier et net acceptabel, wa géif probéiert ginn, d'Kierchefabricken z'erhalen.

Jean-Claude Hollerich2.JPG
Kierchefabricken

De Sträit bannent der Kierch spëtzt sech zou. Den Äerzbëschof refuséiert, d'Konventioun iwwert d'Basilika z'ënnerschreiwen, wéinst enger Klo vu Kierchefabricken an hirem Daachverband.

Lydie Polfer
Kierchefabricken

Mat zwielef Kierchefabricken ass sech d’Gemeng Lëtzebuerg eens ginn. Mee och déi aner missten akzeptéieren, datt déi meeschte Kierchegebaier der Gemeng gehéieren, sou d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen