Gemengewahlen "Esch besteet net aus der Sportshal eleng"

Den CSV-Spëtzekandidat Georges Mischo kritiséiert, datt Projeten aus dem Koalitiounsaccord zu Esch net séier genuch ëmgesat gi wieren. D'LSAP Buergermeeschtesch äntwert, d'CSV hätt 95 Prozent vun de Projeten zu Esch matgedroen. D'Vera Spautz seet sech optimistesch, datt d'LSAP déi dreiwend Kraaft zu Esch wäert bleiwen.

Pierre Reyland / fk

Spautz-Mischo
D'LSAP-Buergermeeschtesch Vera Spautz an den CSV-Spëtzekandidat Georges Mischo

"Mir hu gutt geschafft", seet d'Vera Spautz (LSAP) iwwert déi rout-gréng Escher Koalitioun. Si rechent fest domat, datt d'LSAP hir néng Sëtz behält, an datt si Buergermeeschtesch bleiwe kann. Ob déi gréng Koalitiounspartner wäerte bleiwen, géif vun de Wahlresultater ofhänken. D'LSAP wier op alle Fall op fir Alternativen, esou d'Vera Spautz, mä d'ADR kéim net a Fro. "D'Piraten, dat ass eng kleng Partei, déi hunn hir Lëscht net voll. Alleguer déi aner Parteien, wa si sollte gewielt ginn e Sonndeg, si mir op fir Diskussiounen."

"Versprache Projeten net ëmgesat"

Bei der Oppositioun kritiséiert den Escher CSV-Spëtzekandidat Georges Mischo, datt den aktuelle Schäfferot ze vill Akzent op sozial Projete geluecht hätt. Esch hätt elo genuch Sozial-Wunnengen. Et wier Zäit, "datt Déifferdeng och emol kann d'Responsabilitéit mat iwwerhuelen, fir och soziale Wunnengsbau ze maachen."

D'CSV kritiséiert och, datt Projeten, déi am Koalitiouns-Akkord versprach gi waren, net ëmgesat gi wieren. De Georges Mischo verweist op d'Sportshal, "déi zënter Jore feelt". "Esch besteet net aus der Sportshal eleng", äntwert dorop d'Vera Spautz. Mä och e Centre culturel géif feelen, mengt den CSV-Spëtzekandidat.

D'Vera Spautz erënnert de Georges Mischo drun, datt d'CSV als Oppositiounspartei "95 Prozent vun eise Projete gestëmmt huet". Et wéilt een Esch no vir bréngen, mä et wier een awer net frou, wéi verschidde Projete virukomm wieren, esou de Georges Mischo.

Tax op eidel Wunnengen

Eidel Wunnengen an Terraine sinn och zu Esch e Problem. Mä d'Gemeng wëll eng Tax dorop erhiewen. D'Reglement, dat am Pacte Logement virgesinn ass, ass bal prett. D'Tax gëtt awer eréischt no de Wahlen erhuewen.

An der Uelzechtstrooss, wou Appartementer iwwer Geschäfter eidel stinn, wiere Besëtzer un d'Gemeng erugetrueden. "Well si wëssen, datt dat elo gläich Eescht gëtt mat den Taxen."

D'Vera Spautz wier sech iwwregens net bewosst, datt op Esch-Belval, "Honnerten Appartementer" kaf gi wieren, déi fir d'Spekulatioun eidel stoe gelooss gi wieren. Dat hat de gréngen Déifferdénger Buergermeeschter, Roberto Traversini, dem radio 100,7 gesot.

Douce Mobilitéit

Fir de Georges Mischo ass et essentiell, datt Esch Belval méi un den Escher Zentrum ugebonnen an d'douce Mobilitéit verbessert gëtt. "Datt d'Leit net nëmme mam Auto op dee Site kommen."

Eng Seelbunn vun Esch-Belval an den Zentrum ass och nach ëmmer eng Méiglechkeet. D'Etude doriwwer wier nach net fäerdeg, seet d'Vera Spautz. Wann d'Gemeng eng Seelbunn wëll maachen, géifen d'Leit an engem Referendum doriwwer gefrot ginn.

Esch wëll 2022 Kulturhaaptstad ginn. E Projet, deen d'CSV voll matdréit. Déi zweet Kandidatur, déi agereecht gouf, wier déi gutt, esou nach d'Vera Spautz. Si wier iwwerzeegt, datt de Jury sech fir Esch als Europäesch Kulturhaaptstad géif entscheeden.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

François Meisch (DP) a Roberto Traversini (déi gréng)
Gemengewahlen 2017

Zu Déifferdeng hätt déi gréng-rout-schwaarz Koalitioun vill beweegt, seet de grénge Buergermeeschter Roberto Traversini. Vill Versprieche wieren net ëmgesat ginn, bedauert de François Meisch vun der DP.

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit
Gemengewahlen

Méi bezuelbare Wunnraum an nei Mobilitéitskonzepter sinn néideg: An där Analys si sech d'Gemengepolitiker eens. Bei de Léisungsvirschléi ginn et awer Differenzen tëscht de Parteien.

Uelzecht-Strooss.jpg
Esch/Uelzecht

Héchste Chômagetaux, zweet-héchste Prozentsaz un RMG-Emfänger: Esch/Uelzecht ass eng Gemeng mat ville sozial schwaachen Awunner. Sozialpolitesch bitt Esch awer relativ vill un. Bleift nach Sputt no uewen?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen