An der EU sti sech zwee Campen géintiwwer. Déi eng si fir, déi aner géint Atomenergie.
Pro- a Kontra-Atom-Campen
Déi zwou Säite schreiwe sech géigesäiteg Bréiwer. 13 vun hinnen, virop Frankräich, haten nach déi lescht Woch drun erënnert, datt den Nucléaire eng strategesch Technologie ass fir d'Zil vun der Klimaneutralitéit an der EU ze erreechen.
Eng Woch virdrun haten siwe EU-Länner drop gepocht, datt Atomkraaft näischt an der Direktiv iwwert erneierbar Energien ze sichen hätt. Dee Camp wier am gaangen ze wuessen, sot e Dënschdeg den Energieminister Claude Turmes, dee sech grad zu Bréissel mat Vertrieder aus deene Länner getraff hat.
"Mir waren de Moien zu eelef an ech denken, datt mir der nach dräi bis véier an eis Allianz kréien. Et ass ganz kloer, datt vill méi Länner ënnerwee si bei erneierbaren wéi bei enger Technik, déi iwwerlieft ass, wéi d'Atomkraaft."
Wéi staark déi Anti-Atom-Fraktioun an der EU wierklech ass, ass net ëmmer ganz kloer. Dat weist sech och doran, datt verschidde Länner wéi d'Belsch oder Holland béid Bréiwer ënnerschriwwen haten.
Frankräich kritt net Recht
Bei den Diskussiounen iwwert nei Ziler fir Erneierbar Energien, déi en Donneschdeg op en Enn goungen, huet d'Atomkraaft allzäit keng kleng Roll gespill, seet de Markus Pieper däitschen Europadeputéierten vun der CDU, deen am Numm vum Europaparlament mat verhandelt huet. D'Gespréicher hu bis Moies fréi gedauert, gréisstendeels ouni grouss Tensiounen. Dat hätt sech geännert, wéi de Sujet vun der Atomkraaft dru koum.
"Als es zur Nuklear- Diskussion kam, wurde es auf einmal kritisch. Da merkte man, dass bestëmmte Staaten ordentlich Druck machten."
Déi Länner, virun allem Frankräich, hu sech um Enn net duerchgesat. Net ganz op alle Fall. Atomkraaft gëtt och an Zukunft an der EU net als Erneierbar Energien agestuft.
Urechne vu "roudem" Hydrogène ënnert Konditiounen méiglech
Eng kleng Deir gouf allerdéngs am Industrie-Secteur fir dee sougenannte "rouden Hydrogène" opgemaach. Hei dierf bei de virgeschriwwenen Ziler fir Waassterstoff aus Wand- oder Solarkraaft och dee "rouden" Hydrogène, deen aus Atomstroum hiergestallt gouf, mat bis zu 20 Prozent ugerechent ginn.
Allerdéngs ass dat nëmme da méiglech, wann 80 Prozent vum Waasserstoff, deen an der Industrie genotzt gëtt, net aus fossiler Energie hirgestallt gëtt. En plus gëllt dat nëmmen fir Länner, déi noweise kënnen, dat si insgesamt d'Ziler fir d'Erneierbar Energie bis 2030 ereechen kënnen.
Déi Konditioune géif bis elo héchstens ee Land, nämlech Schweden, erfëllen, sou den Markus Pieper.
"Im Grunde ist das jetzt eine Luftnummer geworden, der Vorstoss der Nuklear-Staaten, in die Industrieziele reinzudrängen, ist am Widerstand des Parlaments gescheitert."
Däitsch-franséischen Deal net existent?
Och de Claude Turmes war nach an der Nuecht vum Donneschdeg an d'Verhandlungen implizéiert. Hie begréisst d'Resultat. Frankräich hätt laang net dat krut, wat d'Land gefrot huet, freet sech de grénge Minister.
Och säin däitschen Homolog Robert Habeck huet den Accord als Succès begréisst.
Nom EU-Sommet stoung d'Fro am Raum, wéi sech Däitschland an Zukunft an där Fro verhale géif. Verschidde Medien hate vun engem franséisch-däitschen Deal geschwat: Paräis géif sech an den Diskussiounen iwwert d'Enn vum Verbrenner Moteur, dee vun Däitschland a Fro gestallt gouf, zeréckhalen an Däitschland géif dat Nämmlecht maachen, wann et em d'Astufe vum Atomstroum geet.
Hie wéisst näischt vun esou engem Deal, sot nom EU-Sommet de Premier Xavier Bettel op eis Nofro.
"Däitschland huet eng kloer Positioun", sou d'Äntwert vum Claude Turmes op déi nämmlecht Fro. Zu de Rumeuren, datt sech um Sommet, de franséische President mam däitsche Bundeskanzler ofgeschwat hätten seet de Lëtzebuerger Energieminister: "Mir si frou, datt den Dossier Atom an de Kompetenze vum Wirtschafts- an Energieminister Habeck läit".