Economie circulaire Erausfuerderunge vun der Kreeslafwirtschaft

D'Welt géif sech net änneren, och wa Lëtzebuerg ganz op Kreeslafwirtschaft géif setzen, seet d'Hoai Thu Nguyen Doan. Mee Lëtzebuerg kéint ee weltwäite Laboratoire gi fir zum Beispill circulaire Technologien ze entwéckelen.

Françoise Keller / cbi

Hoai Thu Nguyen Doan

D'Ekonomistin bei der Handelskammer huet rezent eng Publikatioun iwwer Kreeslafwirtschaft erausbruecht. Wéi vill Initiativen et an deem Beräich hei am Land bis ewell ginn, konnt d'Ekonomistin net soen. Als Beispill huet si awer ënner anerem gréng Obligatiounen oder de Label vun der Superdreckskëscht genannt. Erausfuerderunge wieren hirer Meenung no fir Synergien an eng national Strategie am Dossier ze schafen.

Lauschtert dat ganzt Gespréich mat der Ekonomistin vun der Chambre de Commerce:

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Better Future Factory
Hollännesch Staatsvisitt

Bei der Staatsvisitt vum hollännesche Kinnek ass och eng Wirtschaftsdelegatioun dobäi, déi sech op d'Kreeslafwirtschaft spezialiséiert huet. Holland wëll nämlech seng ganz Ekonomie dorop ëmstellen.

Françoise Keller Analys
Wirtschaftschronik

Zënter ufanks des Joers gëllt a China ee Verbuet fir den Import vun Offall, dorënner Plastik. Dëst kéint eng Chance sinn, fir an Europa an der Offall-Gestioun ëmzedenken, mengt d'Françoise Keller.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen