Restriktiounen Epidemiolog: "Couvre-feu ab 18 Auer a Schoulen zou"

Wann d'Regierung d'Restriktiounen haut wierklech opweeche sollt, wier se um Holzwee. Där Meenung ass de Michel Pletschette. Hie plädéiert streng ze bleiwen. Ëmsou méi, well een dovun ausgoe misst, datt sech iwwer d'Feierdeeg awer nees méi Leit nei mam Virus infizéiert hätten.

Maurice Molitor (Interview) / Tessy Troes (Web)

Michel Pletschette
De Mikrobiolog an Epidemiolog Michel Pletschette fuerscht an enseignéiert op der Uni München

Soulaang d'Zuel vun Neiinfektioune pro 100.000 Awunner pro Woch net ënner 50 fält, wier de Virus net an de Grëff ze kréien. Dann eréischt kéint de Contact-Tracing iwwerhaapt gräifen.

"All Neiinfektioun léisst eng kleng Lawin aus"

Fir de Mikrobiolog an Epidemiolog Michel Pletschette mussen déi aktuell Restriktiounen dofir onbedéngt verlängert a vläicht esouguer verschäerft ginn:

​"Virdrénglech ass et, d'Schoulen zouzehalen. Manifestement ass dat e Punkt, deen an England komplett negligéiert ginn ass, wou et elo Donnéeë ginn, datt dat awer terribel war. (...) [Et] muss doriwwer nogeduecht ginn, de Couvre-feu ze verlängeren."

Hie schléit ee Couvre-feu vun 18 Auer vir. De Lëtzebuerger, deen op der Uni München fuerscht an enseignéiert, fënnt et bedauerlech, datt d'EU-Länner hir Restriktiounen net openeen ofgestëmmt hunn.

Problem beim Impfstoff läit bei der Industrie

D'Kriticken un der EU-Kommissioun, si hätt et verschlof genuch Impfstoff anzekafen, hält de Michel Pletschette iwwerdeems fir net gerechtfertegt.

Et wieren zwou Milliarden Dosisse bestallt ginn, also méi wéi der gebraucht ginn:

"Et ass de Problem vun der Industrie, déi net produzéieren an net liwwere kann, an déi warscheinlech och eng Rei vu Saachen ënnerschat huet. BioNTech muss jo elo eng nei Fabrick opmaachen zu Marbuerg, fir dann am zweete Quartal déi Bestellunge kënnen ze bedéngen."

Dat hätt een natierlech kënne virdru wëssen, esou de Michel Pletschette, "mee dat ass de Problem vun deem Vertrauen, dat een de Firmae gëtt oder muss ginn an de Mangel un enger ëffentlecher Alternativ."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Impfstoff
CORONA-PANDEMIE

D'EU-Kommissioun weist Kritik iwwer eng falsch Strategie beim Akaf vun Impfstoffer zeréck a schwätzt vu Produktiounsengpäss. Pfizer dementéiert dat a seet, et géif wéi geplangt ausgeliwwert.

Impfung
Froestonn

D'Impfunge géint den neie Coronavirus kommen. Vill Leit hu Bedenken, well d'Impfstoffer esou séier entwéckelt goufen. De kompletten Interview mam Thomas Dentzer a Gérard Schockmel fannt Dir elo hei.

D'Wuert vum Joer
Lëtzebuerger Sprooch

Dëst Joer gëtt et eng éischte Kéier och zu Lëtzebuerg e Wuert vum Joer. Aus 540 Propose huet e Jury "Corona" als Wuert vum Joer zeréckbehalen. Op Plaz zwee kënnt #bleiftdoheem, op Plaz dräi Heibleifskärchen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen