Evaluatioun vun Héichschoul Entwécklungspotenzial vun der Uni Lëtzebuerg

Zwou extern Evaluatioune ginn der Uni Lëtzebuerg eng generell gutt Bewäertung. An de Fuerschungsfelder Finanzen, Erzéiungswëssenschaften an Ingenieurswiese wär awer nach Entwécklungspotenzial. Och de Management soll nach verbessert ginn. Et géif een dru schaffen, seet de Rektor Rainer Klump, dofir bräicht een och méi Mëttel.

Mick Entringer / ys

Rainer Klump
Rainer Klump

D'Evaluatioun ass am Optrag vum Héichschoulministère gemaach gi vun zwee Instituter: dem "Interface Politikstudien Forschung Beratung Luzern" an dem "Institutional Evaluation Programme" IEP. 9 vun 13 Fuerschungsunitéite vun der Uni Lëtzebuerg hunn eng gutt bis ganz gutt Bewäertung kritt. D'Fuerschungsberäicher Finanzen, Erzéiungswëssenschaften an Ingenieurswiese koumen net esou gutt ewech, a solle strategesch nei opgestallt ginn.

De Beräich Finanze gouf no 2015 schonn nei ausgeriicht, mat engem neien Direkter an enger neier Strategie, seet de Rainer Klump. Duerch geziilte Rekrutement soll dee Fuerschungsberäich säi Profil schäerfen. E Problem wier, fir ausgewise Fuerscher op Lëtzebuerg ze kréien, well si dem Gesetz no net genuch Carrieresméiglechkeeten hunn. Mam neien Unisgesetz, dat am Abrëll vum Héichschoulministère virgestallt wäert ginn, soll dat änneren, seet de Rektor. Déi Problematik vum Rekrutement géif sech generell an alle Fuerschungsberäicher stellen.

D'Uni an d'Finanzplaz

Dem Rektor no soll an Zukunft Finanzwëssenschaft nach méi staark mat der Finanzplaz zesumme schaffen. Dem Rainer Klump no géif d'Proximitéit net op Käschte vun der Kritikfäegkeet a vun der Onofhängegkeet vun der Uni goen. Am Beräich Fintech soll d'Uni en aktive Partner op der Finanzplaz ginn. Dernieft wier d'Uni en Zouliwwerer vu qualifizéiertem Personal fir de Finanzsecteur.

E Problem an der Finanzwëssenschaft ass den Zougang zu Daten. "Daten im Finanzbereich sind teuer, die muss man kaufen", seet de Rainer Klump. An Zesummenaarbecht mat Acteuren op der Finanzplaz kéint een Datematerial och selwer generéieren. E Beispill wär déi geplangten Zesummenaarbecht mat der Alfi, fir Daten am Secteur vun der Fongenindustrie ze schafen an opzeschaffen.

Gemeinsam Strategie an Erzéiungswëssenschaften

Och am Beräich vun den Erzéiungswëssenschafte gëtt et der Evaluatioun no Entwécklungspotenzial. D'Léier géif gutt funktionéieren, de Problem wier awer, datt zwee virdru vuneneen onofhängeg Unitéiten (ECCS a LUCET) zesummegefouert goufen. Dofir géif elo eng nei iwwergräifend Strategie entwéckelt ginn.

An Zukunft misst de Multilinguismus als Schwéierpunkt an der Fuerschung vun den Erzéiungswëssenschaften ausgebaut ginn, hält d'Evaluatioun fest.

Efficace Gouvernance duerch neit Gesetz

Eng aner Kritik vun der Evaluatioun betrëfft d'Gouvernance vun der Uni, déi am Kader vum neien Unisgesetz reforméiert soll ginn. D'Universitéitsleedung soll sech op Qualitéitssécherung a Strategieentwécklung konzentréieren. Dem Rainer Klump no misst de Rektorat d'Roll vum Strategieplaner hunn.

Et muss eng kloer Opdeelung ginn tëscht dem Verwaltungsrot, dee fir d'Kontroll zoustänneg ass, dem Rektorat, dee fir d'Strategie responsabel ass, an den Departementer a Fuerschungsunitéiten, déi hir Strategien entwéckele mussen, déi vum Rektorat iwwerwaacht ginn, erkläert de Rainer Klump. Dernieft gëtt et de Conseil Universitaire, als Vetriedungsorgan vun der Universitéit (Professeren, Mataarbechter a Studenten). Grad d'Participatioun vun de Studente soll an Zukunft weider ausgebaut ginn.

Méi Suen

D'Uni Lëtzebuerg brauch méi finanziell Mëttel vum Staat fir sengen Uspréch gerecht ze ginn. De Rektor Rainer Klump geet dervun aus, datt am Kader vum neie 4-Joresplang, d'Uni déi néideg Mëttel och vun der Regierung zur Verfügung gestallt kritt. Aktuell fléissen 150 Milliounen Euro staatlech Gelder un d'Universitéit.

Link: Evaluatiounen

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Andreas Fickers.jpg
Institut fir Zäitgeschicht

De Professer fir digital Geschicht op der Uni Lëtzebuerg soll dat neit Institut fir Zäitgeschicht leeden. Hie wëll Geschicht anescht vermëttelen an op déi Lëtzebuerger Geschicht Wäert leeën.

klump rainer.JPG Riicht Eraus
Uni Lëtzebuerg

De Recteur Rainer Klump begréisst, datt d'Regierung vill Optreeg un d'Uni Lëtzebuerg erun dréit. Hie wëll, dass seng Institutioun sech méi un de wichtegen Debatten am Land bedeelegt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen