Fir 202 vun den am Ganzen 262 wallounesche Gemenge ginn d'Iwwerschwemmunge vum Juli als Naturkatastroph unerkannt, sou datt de Fonds des calamités de Betraffenen hëllefe kann. D'Interventioun vun den Assurancen ass prinzipiell op 350 Milliounen Euro limitéiert - déi wallounesch Regierung verhandelt awer, dës Limitt eropzesetzen.
Als Géigeleeschtung kéinte méi Versécherungen obligatoresch ginn.
Eupener Staudamm am Fokus
Am schlëmmste war d'Situatioun am Dall vun der Weser, wou 25 Persoune mat an den Dout gerappt goufen. De Waasserniveau ass op verschiddene Plaze bannent Minutten ëm e puer Meter geklommen. Wann och mëttlerweil déi meeschte Betraffen erëm elektresche Stroum hunn, sou wäert et nach Wochen daueren, ier all d'Eisebunnsstrecken erëm betribsfäeg sinn, a bis zu sechs Méint fir de Gasreseau erëm integral a Betrib ze huelen.
De Parquet vu Léck huet déi lescht Woch en Ënnersichungsriichter ugestallt, eng Enquête fir homicide involontaire opzemaachen. En Deel vun den Iwwerschwemmunge gouf doduerch provozéiert, datt de 14. Juli Owes de Stauséi vun Eupen voll war an déi aussergewéinlech Waassermassen net méi weider ophale konnt.
Duerfir gëtt sech elo d'Fro gestallt, ob de Séi net schonn e puer Deeg virun de schwéiere Reefäll hätt misste präventiv méi eidel gemaach ginn - och wann dat komplizéiert ass, well déi éischte Missioun vum Stauséi d'Drénkwaasserversuergung ass.
Dëst gëtt dofir och vum zoustännege Minister Philippe Henry ofgestridden: déi pessimisteschst Previsiounen hätten net méi ewéi 150mm Reen pro Quadratmeter wärend 48 Stonne virausgesot. Et koum lo bal zur duebeler Quantitéit, sou datt de Stauséi d'Waassermassen net konnt absorbéieren. Mee et wier och de Warnungen vum europäeschen Héichwaassersystem EFAS net genuch Rechnung gedroe ginn.
Egal wéi, d'Buergermeeschtere vun de betraffene Gemenge fuerderen eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun wat d'Gestioun vum Waasser, mee och wat d'Hëllef am Fall vun esou enger Katastroph ugeet.