Futtball zu Lëtzebuerg "Enn August gëtt gebaut"

Fir lëtzebuergesch Verhältnesser hätten d'Veräiner vill a Spiller an Encadrement investéiert. Et wier deemno normal, datt Ekippe wéi Fola oder Diddeleng och mat Ambitiounen an déi europäesch Competitioune ginn, sou de President vun der FLF. Den neie Stadion ass exemplaresch fir d'Fortschrëtter am nationale Futtball.

Matthias Kirsch

Paul Philipp.JPG
Den FLF-President Paul Philipp

Enn August ginn d'Aarbechte fir den neie Futtball-Stadion un. "Wann de Congé collectif eriwwer ass, da geet et lass mat de rengen Aarbechten um Stadion", sou de Paul Philipp. De Projet op der Kockelscheier soll Enn 2019 fäerdeg sinn.

Déi staark Resultater vu Klipp wéi Diddeleng a Fola Esch wieren iwwerdeems net en neie Phänomen vun dësem Joer. "Dat ass eng méi laang Entwécklung. Mä et ass effektiv vill investéiert ginn", seet de Paul Philipp. Déi ganz Approche hätt sech och geännert. "Et gëtt sech méi seriö preparéiert a méi professionell geschafft."

Den Nodeel vum europäesche Succès sinn awer déi zousätzlech finanziell Moyenen, déi eenzel Veräiner doduerch hunn. "Déi finanziell Differenze sinn net onbedéngt gesond", sou den FLF-President, "d'Prime vun der UEFA fir eng Qualifikatiounsronn ass méi héich, wéi de Joresbudget vun zwee Drëttel vun den aneren Ekippen aus der éischter Divisioun." Doduerch géifen déi grouss Ecarten entstoen. Et wier un der UEFA, fir déi Suen anescht ze verdeelen.

Succès bei der Jugend

Een Deel vum Erfolleg ass awer och op d'Jugendaarbecht zréckzeféieren. Ëmmer méi Lëtzebuerger packen et an d'Nowuess-Ekippen vu groussen auslännesche Veräiner. "D'Futtballschoul spillt eng Haaptroll." Et géif awer net méi duergoen, just fir d'Futtballschoul selektionéiert ze ginn - et kuckt een an d'Ausland. "Wat déi Mentalitéit ugeet, do gouf et en Ëmdenken."

Och wann ëmmer méi Jonker bei bekannten Ekippe landen, ass dat awer d'Ausnam. "Et muss een de Jongen ëmmer soen, datt d'Majoritéit et net wäert packen. Dat ass awer net just zu Lëtzebuerg sou, mä iwwerall." Dobäi kennt de Problem vu Spiller mat duebeler Nationalitéit. Jonker, déi de Sprong an dat professionellt Geschäft packen a fir eng aner Nationalequipe kënne spillen, decidéiere sech meeschtens géint Lëtzebuerg.

"Wann een eis Gesellschaft kuckt, dann ass dat normal", seet de Paul Philipp. Et géif ee fréi och mat den Eltere schwätzen, fir si dovun z'iwwerzeegen, weider fir Lëtzebuerg ze spillen. "Et kënnt awer ëmmer nees vir, datt ee geet, obwuel d'Elteren den Accord ginn haten. Mir ginn awer dann net sou wäit, fir doraus eng geriichtlech Affär ze maachen."

Net genuch Efforten bei de Fraen

Am Fraefuttball hätt ee bis elo iwwerdeems net déi selwecht Efforte gemaach. "Et ass an de leschte Joren ze vill just op d'A-Equipe vun den Damme gekuckt ginn. Mir hu nach kee richtegt Konzept fir vun ënnen eppes opzebauen", sou d'Erklärung vum FLF-President.

An esou en Ënnerbau bräicht vill Spillerinnen. Dofir bräicht et zum Beispill och e Jugendchampionnat. "D'Meedercher spille bis 14 Joer zesumme mat de Jongen, dat ass fir mech vill ze laang." Den Ament gëtt et dräi Divisiounen am lëtzebuergesche Fraefuttball mat 44 Equippen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Fussball Meenung
Just nach e Geschäft

Mat 38 Milliounen d'Joer ass den argentinesche Futtballer Carlos Tevez dee beschtbezuelte Spiller weltwäit. D'Transfer-Zommen, déi fir Spiller bezuelt ginn, klammen an de leschte Joren ëmmer méi.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen