Et geet ëm Pensiounsrechter, déi den nationale Sport- a Kulturzenter sengem fréieren Direkter soll finanzéiert hunn, déi awer - aus der Siicht vun der Cour des Comptes - net geschëlt waren.
Vum Staat an d'Privatwirtschaft, zeréck bei de Staat
Den Direkter, ëm deen et geet, koum aus dem ëffentlechen Déngscht. Hien huet do 2001 e Congé sans solde geholl, fir un d'Spëtzt vun der Coque ze wiesselen. Do huet hien ënner privatrechtlechem Statut geschafft a méi verdéngt wéi virdrun.
2009 ass säin onbezuelte Congé beim Staat ofgelaf, an den Direkter huet d'Optioun geholl, nees an de Statut vun der Fonction publique eriwwer ze wiesselen - wat u sech mat engem méi nidderege Salaire verbonne gewiescht wier, mee d'Differenz krut hien - mam Seege vum deemolege Sportminister - kompenséiert, mat enger spezieller Indemnitéit. Sou wäit ass alles an der Rei.
Keng Cotisatiounen op der Indemnitéit
2017, den Direkter denkt sou lues un d'Pensioun, fält op oder gëtt him bewosst, datt op där Indemnitéit keng Cotisatioune bezuelt goufen, datt dat, wat hie méi verdéngt huet, deemno keng Inzidenz op de Montant vu senger Pensioun géif hunn.
Wouropshin de President vum Verwaltungsrot vun der Coque wéi et schéngt eleng decidéiert, dem Direkter réckwierkend a bis zu senger Pensioun den Equivalent vun der Part patronale vun aacht Prozent Pensiounscotisatioun ze iwwerweisen.
D'Cour des Comptes seet: Dat geet net; d'Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber wëllt sech dat elo genee ukucken, an hir Presidentin, d'CSV-Deputéiert Diane Adehm, wëllt net ausschléissen, datt dat eventuell zeréckbezuelt misst ginn.
Decidéiere kann dat awer just de Minister, d'Chamber kéint et héchstens recommandéieren. Et geet ëm e Montant vun eppes méi wéi 44.000 Euro.