fichierecologique.lu Eng Websäit fir detailléiert Informatiounen iwwer de Bësch

Mat der neier Applikatioun "Fichier écologique" kënne Bëschbesëtzer op Grond vum Standuert, dem Buedem oder der Bewässerung Rotschléi fir adaptéiert Beem kréien. D'Zil ass et de Bësch un d'Erausfuerderunge vum Klimawiessel ze adaptéieren, seet d'Carole Dieschbourg am 100,7-Interview.

Carole Schimmer / cbi

Carole Dieschbourg
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am 100,7-Studio. Foto: Archiv

De ganzen Interview mat der Carole Dieschbourg lauschteren


D'Applikatioun FichierEcologique gouf zesumme mat de wallouneschen Universitéite vu Louvain a Léck, mat der belscher an der Lëtzebuerger Natur- a Bëschverwaltung ausgeschafft, erkläert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Déi fir Lëtzebuerg typesch Situatioun a Konditioune goufen agebaut.

D'Carole Dieschbourg ënnersträicht, datt d'Bëscher wéinst der Klima-Kris enorm ënner Drock stinn. "Mir mussen oppassen, datt mer ugepasste Beem op déi jeeweileg Standuerter setzen."

Dofir bräicht et vill Informatiounen an ee grousst Wëssen. Déi nei Applikatioun FichierEcologique géif um Wëssen opbauen, wat déi lescht fënnef Joer an der Wallonie erschafft ginn ass. Esou wéilt een d'Bëschbesëtzer sou gutt wéi méiglech informéieren.

Websäit ass och fir Laien interessant

D'Applikatioun ass och fir jiddwereen zougänglech, preziséiert d'Carole Dieschbourg am 100,7-Interview. Et kann een am Detail nosichen, wéi de Buedem an enger Regioun oder um Terrain selwer zesummegesat ass. Dofir kann een op enger dynamescher Kaart era zoomen, säin Terrain a Standuert sichen.

"D'Applikatioun huet och vill Méiglechkeeten, well ee ganz vill ka vergläichen, an da kann een zum Beispill zwee Beem auswielen, an et kritt een och d'Virdeeler presentéiert. Dat heescht et ass och fir Net-Experten, déi ee Stéck Bësch hunn, interessant. Si kënnen sech da froe wéi ee Bam ee kann dohinner setzen."

D'Applikatioun géif engem "ganz einfach erklären", wat een op sengem Terrain maache kéint, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Méi zum Thema

Roger Schauls, Frank Wolter
Riicht eraus

Wéinst dem Klimawandel steet de Bësch zu Lëtzebuerg weider ënner staarkem Drock. Bei de Fichten a Biche riskéiert all zéngte Bam ofzestierwen, sou de Frank Wolter, Direkter vun der Natur-a Bëschverwaltung.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen