Uni Lëtzebuerg Eng Uni vun den Exzellenzen

D'Administratioun vun der Uni Lëtzebuerg soll professionaliséiert ginn, seet hiren neie Rektor, de Stéphane Pallage. D'Uni misst méi transparent ginn an eng besser Kommunikatioun kréien. D'Uni wier laang als Start-up geréiert ginn, mee dat wier se haut net méi. Duerfir misst d'Administratioun méi no un hire "Cliente" sinn, an dat wieren d'Studenten, d'Professeren an d'Chercheuren.

Mick Entringer / cbi

Stephane Pallage
De Rektor vun der Uni Lëtzebuerg, de Stéphane Pallage

Déi aktuell Gewiichtung tëscht den dräi Fakultéiten an den interdisziplinären Zentere wier gutt balancéiert. Hie wéilt hir Budgeten net fundamental nei verdeelen. De Stéphane Pallage, deen zanter sechs Méint Rektor ass, huet d'Wichtegkeet vun de Geeschteswëssenschaften op der Uni ënnerstrach.

Gläichzäiteg sot hien, datt den digitalen an ICT-Beräich an Zukunft sollt ausgebaut ginn. D'Collaboratioun tëscht dem Rektorat an den Doyene vun de Fakultéite wier wierklech gutt, esou de Rektor. An hie wär och zefridde mam Commissaire de gouvernement, deen de Staat am Conseil de gouvernance vertrëtt.

Eng vun de weltwäit beschten Universitéiten

"Ma vision c'est l'excellence", seet de Stéphane Pallage. "Ech wëll, datt d'Universitéit exzellent an der Recherche ass, datt se exzellent an allen Dimensioune vun hiren Aufgaben ass, an der Léier och. Mir wäerten un der Qualitéit vun der Ausbildung, déi mir maachen, schaffen."

Et wéilt een och exzellent an de Servicer sinn, dat heescht och an der interner Administratioun. "D'Visioun ass fir eng vun de beschten Universitéiten op der Welt ze ginn, an ech mengen dat ass méiglech."

Ënnert dem viregte Rektor Rainer Klump gouf et Problemer an der Finanzgestioun vun der Uni. Am 4-Joresplang bis 2021 sinn insgesamt 766 Milliounen Euro fir d'Uni vum Staat virgesinn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Pauly
Fräie Mikro

Der Uni Lëtzebuerg feelt et nach ëmmer un Autonomie an d'Fuerscher brauche méi Zäit fir Fuerschung ze bedreiwen. Momentan gëtt ze vill iwwer Strukturreforme vum neie Gesetz geschwat, fënnt de Michel Pauly.

Stéphane Pallage
Uni Lëtzebuerg

De Regierungsrot huet de belschen Economist als Recteur genannt, op Propose vum Conseil de Gouvernance. Och de Conseil Universitaire hat der Nominatioun an engem consultativen Avis zougestëmmt.

Uni Lëtzebuerg
Uni Lëtzebuerg

Eng Rekrutementskommissioun ouni Regierungsvertrieder ass beoptraagt, fir en neie Recteur ze fannen. D'Gestioun vum Budget soll Deel vum Dagesgeschäft a méi transparent ginn.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen