Guy Delisle - Chronique de jeunesse Eng Summervakanz an der Fabrick

Mir stellen Iech haut déi nei Bande dessinée vum Guy Delisle hier. Bekannt ass de kanadeschen Zeechner virun allem fir seng Reportage vu Plaze wéi Shenzhen, Pjöngjang, Myanmar a Jerusalem. Säin neit Wierk ass dogéint éischter eng Reportage aus dem eegene Liewen. "Chroniques de jeunesse" heescht d'Buch, dat bei Delcourt erauskomm ass.

Jeff Thoss / cz

Cronique de Jeunesse

Et ass effektiv en autobiographesche Comic, an dem de Guy Delisle aus senger Jugend erzielt. Et ass awer alles anescht wéi eng typesch Jugenderzielung, den Auteur beschränkt sech nämlech hei gréisstendeels op eng Zäit an de fréien Achtzeger, an deenen hien an enger Pabeierfabrick a senger Heemechtsstad Québec beschäftegt war. Dräi Joer laang huet de Guy Delisle als Teenager do all Kéiers an der Summervakanz geschafft, fir sech säin Zeechestudium ze finanzéieren, an d'Bande dessinée besteet dann och zou engem groussen Deel aus enger detailléierter Beschreiwung vun der Aarbecht, déi hien do mécht, a vum Ëmfeld, an dem hien sech do befënnt. Hei gesäit een direkt erëm de journalistesch-dokumentareschen Aspekt vum Delisle senge Comics. Mat relativ einfachen, bal monochromen Zeechnungen, déi ëmmer ganz no um Cartoon sinn, féiert hien eis an de Mikrokosmos vun där Pabéierfabrik eran.

Wat gëtt een da konkret gewuer iwwert dee Mikrokosmos?

"Chroniques de Jeunesse" erzielt e bëssen iwwert d'Geschicht vun Fabrick an där, typesch fir Kanada, d'brittesch-franséisch Relatiounen eng wichteg Roll spillen, spéiderhin awer och d'Globaliséierung vun den industrieller Produktioun. Et weist d'Aarbechtskonditiounen an der Fabrick, déi net einfach sinn, well et do ganz waarm a fiicht ass, an och ganz direkt d'Aarbecht un de Pabeierwalzen, déi net ongeféierlech ass an trotzdeem, wéi een sech denke kann, zimmlech monoton. Donieft geet et awer och vill iwwert d'Leit, déi do schaffen. Hei erweist sech de Guy Delisle als eng Zort soziologeschen oder ethnologesche Feldfuerscher, dee, schonn eleng, well hie just ee Mount a Joer an der Fabrick ass, an där di aner d'ganzt Joer verbréngen, dee Milieu ganz präzis aus der Perspektiv vum Hallef-Aussesäiter beobachte kann. Hie beschreift also zum Beispill d'Klassenënnerscheeder tëschent de Aarbechter an de Ingenieuren an d'Rivalitéiten, déi domat verbonne sinn, mee och verschidden "Typpen" vun Aarbechter: déi, di quasi hiert ganzt Liewen an der Fabrick verbréngen an och stolz op hir Aarbecht sinn; déi, di d'Fabrick éischter als Tëschestatioun, en einfache Wee, schnell e puer Suen op dem Wee zu engem méi agreabele Liewen, etc. Alles an allem ass "Chroniques de jeunesse" och e Portrait vun enger aler, männlech dominéierter industrieller Aarbechtskultur, déi et haut an de westleche Länner net méi dee Stellewäert huet, ouni dass déi elo nostalgesch verkläert gëtt.

Jeff, du hues elo vill iwwert deen dokumentaresch-journalistesche Volet vum Buch geschwat. Donieft spillt jo awer och d' Relatioun mam Papp eng wichteg Roll. Ass dat e Punkt, wou "Chroniques de jeunesse" an eng méi klassesch autobiographesch Richtung geet?

Jo, iwwert de Papp huet mer nach guer net geschwat. Et ass effektiv esou, dass de Grond, firwat de Guy Delisle iwwerhaapt an de Summervakanzen an där Pabeierfabrick ass, deen ass, dass säi Papp do als techneschen Zeechner schafft. Seng Eltere si gescheet, hie lieft bei senger Mamm, an e mierkt ee bëssi, dass d'Aarbecht an der Fabrick och eng Méiglechkeet ass, dem Papp méi no ze kommen. Mee am Fong bleift de Papp ëmmer op Distanz. Déi zwee begéine sech ganz seelen an hunn sech da wéineg ze soen. Eréischt am drëtte Joer an der Fabrick gesäit de Guy Delisle iwwerhaapt de Büro, wou dee Papp sëtzt, dee soss ëmmer iergendwou am Hannergrond duerch d'Hale leeft, woubäi et heiansdo en och guer ass. Also de Papp ass bal ewéi e Geescht, den an der Fabrick haust. Do ass sécherlech och eng Enttäuschung oder eng Frustratioun beim Protagonist ze spieren, mee et bleift alles ganz ënnerschwelleg. Esouguer an deene Momenter, wou d'Bande dessinée am perséinlechsten ass a méi introspektiv gëtt, ass se an hirer Duerstellung ëmmer nach ganz lakonesch a subtil. Wann een de Schluss liest, deen ech elo hei net verrode wëll, kéint een esouguer zur Konklusioun kommen, dass dat ganz Buch e Buch iwwert de Papp ass, respektiv iwwert d'Absence vum Papp, mee souguer déi Absence bleift ëmmer ënnert der Surface.

Wéi ass dann elo deng Konklusioun zu "Chronique de jeunesse"?

Et ass eng absolut gelonge Bande dessinée, grad an der Aart a Weis, wéi se dat Dokumentaresche mat dem Autobiographeschen, dat Onperséinlecht mat dem Perséinleche verbënnt. Et ass en accessibelt a kuerzweilegt Buch, dat awer trotzdeem vill Déifgang huet mat sengem Portrait vun der industrieller Aarbechtskultur an dem onklore Verhältnis tëschent Papp a Fils.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Siegfried Unseld - Reiseberichte
Buchkritik

D'Reesberichter vum Siegfried Unseld ginn e beandrockenden Aperçu vun deem Verleeër, deen de Suhrkamp-Verlag weesentlech gepräägt huet. Se spigelen déi kulturell Vilfalt erëm, där hien op senge Reese begéint ass.

Bella Ciao
Baru - Bella Ciao

An "Bella Ciao" erzielt de Baru Geschichten iwwer déi italienesch Immigratioun an den industriellen Norde vun der Lorraine. Se stamen deelweis aus dem Zeechner sengem eegenen Ëmfeld.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen