Assises sociales Eng sozial Visioun fir Esch

Esch huet no Wolz deen zweethéchste Chômage-Taux zu Lëtzebuerg: d'Aarbechtslosegkeet ass do bal duebel esou héich wéi am Landesduerchschnëtt. An néierens anescht ass déi duerchschnëttlech Fläch vun de Wunnengen esou kleng wéi an der Minettmetropol (10 Quadratmeter manner wéi an der Stad Lëtzebuerg). Dat si just zwee vun enger Onmass vu Chifferen aus dem neien Observatoire social, deen haut am Kader vun den Assises sociales zu Esch vum zoustännegen CSV-Schäffe Christian Weis virgestallt gëtt.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Christian Weis

Dat Dokument soll reegelméisseg erauskommen an d'Politik guidéieren ... zum Beispill an hire Beméiunge fir dofir ze suergen, datt d'Leit op där selwechter Plaz wunnen, schaffen an hir Fräizäit verbréngen. Dat ass am Moment zu Esch net de Fall, well just 13 Prozent vun de gutt 28.000 Aarbechtsplazen an der Minettsmetropol och vun Escher besat sinn.

Dofir misst een zu Esch analyséieren wien déi Leit sinn, déi am Moment keng Aarbecht hunn a probéieren fir deenen dann och eng Aarbecht unzebidden, seet de Christian Weis. Doriwwer eraus sollt een och probéiere fir déi Leit déi op Esch schaffe kommen, ze iwwerzeegen fir sech och do ze installéieren, sou den Escher CSV-Schäffen.

Weider sozial Logemente bauen

Zu Esch gëtt et och iwwerduerchschnëttlech vill sozial Logementer: An der Landes-Moyenne sinn zwee Prozent vun alle Wunnenge Sozialwunnengen, zu Esch sinn dat 5,5 Prozent.

"... an dat ass fir eis selbstverständlech, dass mer déi hunn. An do gëtt och net no ënnen dru geschrauft. Dat ass eng kloer Uso. Et gëtt souguer versicht, déi nach auszebauen. Zum Beispill op den Nonnewisen, wou mer un engem neie Projet mam Fonds de Logement schaffen. Dat ass eis sozial Responsabilitéit, déi mer hunn. Awer aner Gemengen hunn déi och."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

De Ris geet op d'Rees.jpg
Literatur

Wat mécht de Ris am Beetebuerger Mäerchepark eigentlech, wann en net schléift? Dat goufen d'Leit aus der Beetebuerger Gemeng gefrot. Aus den Iddië sollen den Andy Genen an de Lucien Czuga da Geschichte fir e Comic entwéckelen.

Esch 2022 Live
Livestream

Haut gëtt en éischten Deel vum Programm vun Esch2022 presentéiert. Esch, zesumme mat den zéng anere Gemengen aus dem Gemengesyndikat ProSud an aacht franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad.

Gemeng Esch
Flächennotzungsplang

Den Escher Gemengerot huet den ëmstriddenen neie PAG de Mëtteg am zweete Vott ugeholl. D'Oppositioun am Escher Gemengerot huet haut géint de PAG gestëmmt an huet virum Vott op een neits Kriticke formuléiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen