Vëlospist "Eng sécher a spektakulär Connectioun"

Lescht Woch huet de Transport-an Infrastrukturminister François Bausch de Bau vun enger Vëlospist tëschent Esch an dem Quartier Belval ugekënnegt. E Projet, deen déi zwee Zentere verbanne soll.

Pit Walté / cbi

Esch
Bild: Ponts & Chaussées

Den Ufank vun den Aarbechten ass am Hierscht vum nächste Joer. Enn 2022 soll d'Vëlospist fäerdeg sinn. De Wee geet iwwer den Terrain vun Arcelor Mittal a well een do wéinst de Schinne limitéiert ass, wäert d'Streck, déi Plaz fir Vëlosfuere a Foussgänger bitt, zum Deel iwwer eng Bréck goen.

Et wier de Moment eng Katastroph fir mam Vëlo vun Esch op de Belval ze kommen, sot de François Bausch bei der Presentatioun vum Projet. Mat deem Wee géif een awer elo eng sécher Connectioun schafen, déi donieft och spektakulär wier an dowéinst och touristesch interessant kéint ginn. An och d'Studenten hätten no esou engem Wee gefrot, sot den Escher Buergermeeschter Georges Mischo bei der Presentatioun.

36 Milliounen Euro soll d'Vëlospist kaschten, déi Esch mat dem Belval verbënnt. Beim Ministère a Pont et Chaussée, déi de Projet ausgeschafft hunn, geet een dovunner aus, datt 500 bis 1.000 Trajete pro Dag iwwer dee Wee goe wäerten.

Vëlospiste ginn ausgebaut

De Moment ginn et hei zu Lëtzebuerg ronn 630 Kilometer Vëlospist, déi an den nächste Joren op 1.100 Kilometer ausgebaut solle ginn. E wichtege Projet dovunner ass och de Vëloexpresswee, deen Esch mat der Stad Lëtzebuerg verbanne soll.

28 Kilometer laang soll dës Vëlospist sinn a laanscht d'A4 gebaut ginn. Dëse Wee géif parallel mat dem Ausbau vun der Standspuer fir de Covoiturage gebaut ginn, sot de François Bausch. Den Transport- an Infrastrukturminister geet dovunner aus, datt dëse Vëlosexpresswee bis 2025 oder 2026 soll fäerdeg sinn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Velospiste
Douce Mobilitéit

Ouni Stau vum Kierchbierg bis op d'Gare? Dat soll an Zukunft net just mam Tram, mee och mam Vëlo méiglech sinn - an dat mat enger eegener Vëlospist, déi laanscht den Tram soll féieren.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen