Réckbléck op déi europäesch Woch Eng schwaach Kandidatin

D'Kandidatin Ursula von der Leyen muss sech dem Vott am Europaparlament stellen. Do konnt si bis elo net jiddwereen iwwerzeegen an um Enn kéint si dank de Stëmme vum rietse Bord gewielt ginn.

Danièle Weber / cz

Analys Danièle Weber
Danièle Weber

D'Reaktiounen op d'Entrevuen, déi Kandidatin von der Leyen am Europaparlament hat, ware méi negativ, wéi dat ze erwaarde war.

D'Ursula von der Leyen huet an hiren Äntwerten op d'Froe vun den Europadeputéiert éischter vag geäntwert. Et hätt hir net geschuet, hir Positiounen an engem Wahlkampf ze schäerfen. An um Enn kéint si op eng Majoritéit kommen, déi si zu engem signifikanten Deel den Euroskeptiker ze verdanken huet. D'Extrem Droite (de politesche Grupp, an deem déi italienesch Lega Nord, de belsche Vlaams Belang, de franséische Rassemblement National an déi däitsch AFD vertruede sinn) hunn ugedeit, si kéinte fir d'Kandidatin stëmmen, fir een Zeeche géint de Spëtzekandidatesystem ze setzen.

Dat wier een alarmant Signal, sou d'Analys vun eiser EU-politesch Korrespondentin Danièle Weber.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Ursula von der Leyen. Exklusiv
Kandidatin Ursula von der Leyen

D'Ursula von der Leyen hätt gär, datt all national Regierung souwuel eng Fra wéi och ee Mann als EU-Kommissär proposéiert. Zil wier eng Kommissioun mat 50 Prozent Fraen a 50 Prozent Männer.

Ska Keller
Kandidatur Ursula von der Leyen

D'nächst Woch gëtt am Europaparlament ofgestëmmt, ob d'Ursula von der Leyen déi nächst Kommissiounspresidentin gëtt. Hei kéint et op d'Stëmme vun de Gréngen ukommen, déi skeptesch bleiwen.

Danièle Weber Analys
Nominatioun Ursula von der Leyen

D'Nominatioun vun der Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin ass ëmstridden. Wéi steet et ëm d'Lëtzebuerger Responsabilitéit an deem Prozess? Dorop kucke mIr mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Jean-Claude Juncker an Danièle Weber um EU Sommet Juli 2019
EU-Top-Posten

D'EU-Staats- a Regierungscheffe proposéieren, datt d'Ursula von der Leyen Kommissiounspresidentin soll ginn. De Xavier Bettel begréisst den Accord, fir de Jean-Claude Juncker ass de Spëtzekandidatesystem elo dout.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen