Wirtschaftschronik Eng Robotersteier fir eng gerecht Moderniséierung?
D'Moderniséierung kascht Millioune Leit hir Aarbechtsplaz. An der Wirtschaftschronik gëtt d'Fro gestallt ob een dowéinst Maschinnen – op mannst a steierleche Froen – net e bësse méi wei Mënsche misst behandelen.
Et si Roboteren, Computeren oder aner modern Maschinnen, déi ëmmer erëm fir de Verloscht vun Aarbechtsplaze responsabel sinn. Dat huet seng gutt Grënn: Maschinne si méi effizient, gi net midd. An se ginn eng Kéier kaf, an dono nach vläicht e puer Mol reparéiert – mee soss kaschten se näischt. Ganz am Géigendeel zum Mënsch: Dee kritt e Salaire, e muss krankeverséchert ginn, an de Patron muss sozial Cotisatioune bezuelen. Dee Punkt geet also, aus der Siicht vum Employeur, kloer un d'Maschinn.
Datt an där Logik iwwert Joerhonnerten onwahrscheinlech vill Mënschen op der Streck bliwwe sinn, gëtt oft net thematiséiert. Natierlech, d'Produktivitéit vun den Entreprisë klëmmt, se bezuele vläicht e bësse méi Stéieren. Mee mat deenen Einname kann de Staat net all Verléierer vun der Moderniséierung opfänken.
Eng Iddi vum Bill Gates
De Microsoft-Grënner Bill Gates huet viru kuerzem eng, am Fong ganz al, Iddi erëm an d’Diskussioun geheit: eng Robotersteier. D'Iwwerleeung ass einfach : E Roboter hëlt engem Mënsch d'Aarbechtsplaz ewech, also muss en, genau wei en humanen Employé, Stéieren a Cotisatioune bezuelen.
Et gi Studien, wei eng vum Weltwirtschaftsforum, déi beleeën, datt an den nächste Jore Milliounen Aarbechtsplaze kéinte futile ginn. Virun allem Büros- a Verwaltungsjobs géifen ewechfalen. Wann een dat zesummerechent, feelen an de Staatskeese Milliounen u Steiergelder. Wuel oder iwwel entsti Lächer: An de Krankekeesen, de Pensiounskeesen, bei der Sozialversécherung. Wéi soll e Staat da méi sozial handelen, wann déi mënschlech Aarbecht ëmmer manner Stéieren erabréngt?
Wirtschaftlech net interessant
Eng Robotersteier kéint e Schrëtt an di richteg Richtung sinn. Genau wéi bei engem mënschlechen Employé kann een och d'Produktivitéit pro metallesche Kapp rechnen: Jee nodeem wéi vill Räichtum e Roboter fir d'Entreprise kreéiert, deementspriechend vill Stéiere muss e bezuelen. Esou eng Steier kéint nämlech och eng sozial Mesurë finanzéieren, déi eng Konsequenz vun der Moderniséierung wëll opfänken: d’bedéngungslost Grondakommes.
Bei der Iddi gëtt et awer ee Problem: Wirtschaftlech gesinn ass eng Robotersteier fir eng Entreprise net interessant. De Benefice vun der Moderniséierung geet direkt erëm verluer. Wei sou oft an der Wirtschaft geet et och ëm incentives, also ëm Ureiz. Ween e Robotere besteiert, reduzéiert een d’Bereetschaft, an d’Moderniséierung ze investéieren. Et gëtt manner gefuerscht, Innovatioune manner gefërdert. Um oppene Weltmarché heescht dat, datt sech Entreprisen op enger anerer Platz, an engem Land ouni esou eng Robotersteier nidderloossen.
Esou eng Mesure muss weltwäit gëllen
Och dat ass ee vun de Grënn, firwat d’Iddi vun enger Maschinnesteier am Laf vun de leschte Joerhonnerten ëmmer erëm verworf ginn ass. Wéi den däitschen Ekonomist Thomas Straubhaar viru kuerzem an der Süddeutsche Zeitung sot: "Aarbechter gewanne vläicht kuerzfristeg d'Course géint de Roboter, mee net géint d’Konkurrenz am Ausland."
Dowéinst geet et vläicht net duer, Roboteren ze besteieren. D'Entreprisen, an deenen d'Maschinne schaffen, an deenen d'Roboteren zu ëmmer méi grousse Beneficer verhëllefen – hire generelle Retour un d'Allgemengheet muss méi grouss sinn. A jo: Och esou eng Mesure muss weltwäit gëllen. Well wa jiddereen erëm just no de Regele vum oppene Marché kuckt, ass nach méi Ongerechtegkeet virprogramméiert.