Däitschland Eng Rietsextremismus-Etüd bei der däitscher Police ass iwwerfälleg

Rietsextrem Chat-Gruppe bei der Police, Nazi-Erënnerungsstécker bei der Bundeswehr: den däitsche Sécherheetsapparat huet e Problem mat Rietsextremismus. Laang huet den Inneminister Horst Seehofer eng Etüd verhënnert. Elo soll eng wëssenschaftlech Ënnersichung kommen. Mee ka se Resultater bréngen?

Matthias Kirsch / cbi

Den däitschen Inneminister Horst Seehofer
Den däitschen Inneminister Horst Seehofer. Foto: picture alliance/Bernd von Jutrczenka/dpa Pool/dpa

Wie bis elo nach net un de journalistesche Wäert vu Podcasts gegleeft huet, dee kéint vun dëser Nouvelle vläicht iwwerzeegt ginn. Den däitsche Vize-Kanzler Olaf Scholz huet am WDR-Podcast "Machiavelli" - dee sech mat Politik a Rap-Musek beschäftegt - eng Etüd zum Rietsextremismus bei der däitscher Police ugekënnegt.

Natierlech ass net d'Plaz, déi grouss Iwwerraschung, mee d'Etüd selwer. Méintlaang huet sech den Horst Seehofer géint esou eng Ënnersichung gewiert. Eleng d'Diskussioun doriwwer géif nämlech all Polizistin a Polizist ënner Generalverdacht stellen, esou den Inneminister.

Dobäi gouf et an de leschte Joren ëmmer nees grouss Enthüllungen. Vun Chat-Gruppen bei der Police an Nazi-Erënnerungsstécker a Bundeswehr-Kasären. Jiddwerengem war kloer: et gëtt am däitsche Sécherheetsapparat e Problem mat Rietsextremismus. Just den Inneminister wollt et net gesinn.

Firwat kënnt d'Etüd elo?

Datt den Horst Seehofer sech breettrëppele gelooss huet, huet verschidde Grënn - an nach ëmmer geet et net nëmmen ëm den Inhalt. Op där enger Säit ass Mëtt September e Grupp vu bal 30 Polizistinnen a Polizisten an Nordrhein-Westfalen opgeflunn. Si hunn an Chatgruppen rietsextrem Biller a Contenu verbreet. Den ëffentlechen Drock, deen doduerch och um Bundesinneminister gelant ass, kéint Afloss op dem Seehofer säi Sënneswandel gehat hunn.

Op där anerer Säit huet den Olaf Scholz awer vläicht och déi ugekënnegt Etüd als e bësse besser verkaf, wéi se wierklech ass. Well wéi d'Dageszeitung Rheinische Post mellt, wier déi geplangten Etüd net just op d'Police ausgeriicht. Am Géigendeel: et soll wuel eng wëssenschaftlech Ënnersichung zu Rassismus an der Gesamtbevëlkerung ginn - an där d'Police dann eben ee vu ville klengen Deeler ass.

Dat dierft och de grousse Problem vun der Etüd sinn. Soulaang d'Inneministeren, déi iwwer der Police stinn, dovun ausginn, datt de Problem net vu struktureller Natur ass, wäert sech wuel net vill änneren. Egal, zu wéi engem Resultat d'Etüd kënnt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen