102 Fräiwëlleger aus Lëtzebuerg hunn Enn den 30er Joren am Spuenesche Biergerkrich géint d'Truppe vum Generol Franco gekämpft.
Dëst ware Resistenzler vun der éischter Stonn, déi géint de Faschismus gekämpft hunn, seet de Serge Hoffmann. Hie begréisst, datt si elo eng Unerkennung um nationale Monument du Souvenir solle kréien.
Matgestalte vun der Plaquette
D'Amis des Brigades Internationales géifen hoffen, datt si elo och an d'Gestaltung vun der Erënnerungs-Plaquette agebonne ginn. Am Fall wou et eng kleng Plaquette géif ginn, kéint een 'Aux volontaires des Brigades Internationales, 1936-1938' hischreiwen, proposéiert den Historiker.
Op enger méi grousser Plaquette kéint een den Asaz vun de Spueniekämpfer och politesch anuerdnen, erkläert de Serge Hoffmann:
"Da kann een nach dobäi schreiwen: 'Des volontaires qui malgré l'interdiction du gouvernement de l'époque se sont engagés en faveur des libertés démocratiques et ont été réhabilités en 2003 par un vote unanime de la Chambre des députés pour avoir montré le chemin à suivre à tous ceux qui ont résisté contre l'occupant nazi pendant la Deuxième Guerre Mondiale.' Dat wier natierlech ee méi expliziten Text, wou mir natierlech och frou wiere wann dee géif drop kommen."
D'Gëlle Fra erënnert un déi zwee Weltkricher, grad ewéi un de Koreakrich an de 50er, bei deem zwee Lëtzebuerger Zaldoten ëmkoumen.
![]()
Datt elo den Avis vum Comité fir d'Memoire vum Zweete Weltkrich gefrot gouf an decisiv war, hält de Serge Hoffmann fir richteg. Hie bedauert, datt d'Vertrieder, déi sech fir d'Memoire vum Zwangsrekrutement asetzen, uganks géint eng Unerkennung vun de Spueniekämpfer waren.
Fir säin zweeten Avis huet de Comité dunn op d'Unanimitéit verzicht. Wien dergéint gestëmmt huet, wollt d'Presidentin vum Comité, d'Claude Wolff, op Nofro hin net präziséieren.