Steierpolitik Eng Lëscht, mä keng Sanktiounen
17 Länner stinn op enger Schwaarzer Lëscht vu Steierparadäiser, déi en Dënschdeg vun der EU publizéiert gouf. D'EU-Finanzministeren hate kuerz no der Publikatioun vun de sougenannte Panama Papers decidéiert, esou eng Lëscht zesummenzestellen. Et huet bal zwee Joer gedauert, bis sech déi 28 eens gi sinn, wien op där Lescht drop stoe soll.
Bis zur leschter Sekonn gouf anscheinend nach verhandelt. Fir z'evitéieren, op där Schwaarzer Lescht ze landen, hu verschidde Länner versprach, awer mat der EU zesummenzeschaffen. Dës 47 Kandidate goufen op enger groer Lescht geparkt.
Op där Schwaarzer Lescht sti 17 Länner:
- Amerikanesch-Samoa
- Bahrain
- Barbados
- Grenada
- Guam
- Südkorea
- Macau
- Marshallinselen
- Mongolei
- Namibia
- Palau
- Panama
- Sankt Lucia
- Samoa
- Trinidad an Tobago
- Tunesien
- Vereenegt Arabesch Emiraten
Richteg begeeschtert ass um Enn kee vun der Lescht. Si wier den Ufank vun engem Wee, an et wier gutt, dat si elo mol do wier, sou den däitschen Interims-Finanzminister Peter Altmaier.
Lëtzebuerg géint Sanktiounen
Kritik gëtt et, well keng Sanktioune festgehale goufen. Fir datt d'Lescht effikass ass, musse Länner kënne sanktionéiert ginn, seet de franséische Finanzminister Bruno Lemaire. Och d'Kommissioun hätt sech Sanktioune gewënscht. Dorop konnte sech déi 28 EU-Finanzministeren awer net eenegen. Ënner anerem Lëtzebuerg war dogéint.
Op där groer Lescht sti Länner wéi d'Schwäiz, oder britesch Entitéiten, wéi d'Caiman Inselen an Jersey Guernsy oder d'Isle of Man. Si hunn elo een, respektiv zwee Joer Zäit, verschidden Oplagen z'erfëllen. Zum Beispill Steierprivilegen ofschafen, oder prett sinn, Informatiounen auszetauschen.
Geschitt dat net an den Delaien, kéinten och si op der Schwaarzer Lescht landen. Iwwer Sanktioune soll d'nächst Joer weider diskutéiert ginn.