Naturschutz "Eng komplex Matière"

De Staatssekretär am Ëmweltministère ass zouversiichtlech, datt dat geplangt neit Naturschutzgesetz nach dës Legislatur duerch d'Chamber geet. Trotz 27 formellen Oppositiounen am Avis vum Staatsrot. De Staatsrot hätt keng fundamental Kritik um Fong gemaach, seet de Camille Gira. D'Kärstéck vum neie Gesetz ass e "Flächekompensatiounspool": De Staat huet schonn 200 Hektar Land kaaft, an deen d'Promoteuren engem Punktwäert no finanziell kompenséieren.

Mick Entringer / ys

Camille Gira
Camille Gira

De Staatsrot hätt de Gesetzprojet net am Fong a Fro gestallt, hieft de Staatssekretär ervir. War de Gesetzprojet schlecht geschriwwen? "Dat kann ech net soen, mir hu laang un deem Text geschafft." Datt de Staatsrot esou vill formell Oppositioune geschriwwen huet, hätt mat der Komplexitéit vun der Matière ze dinn, seet de Camille Gira. Hie rechent domadder, datt d'Gesetz nach dës Legislatur duerch d'Chamber geet. Den Ëmweltministère géif schonn un Amendementer schaffen.

Kompensatiounen, Flächepooler a Punktwäerter

Ee wichtegt neit Element vum Gesetz si "Flächepoolen", déi de Staat opkeeft, fir bebaute Flächen ze kompenséieren. Iwwert d'Land verdeelt ginn am Virfeld vu Bauprojeten sou Poole geschaaft, déi no Punkte geréiert ginn. E Promoteur, dee fir säi Bauprojet Biotopen zerstéiere muss, muss dann am Kader vun der Autorisatiounsprozedur eng Evaluatioun vun der Zerstéierung maachen. De Promoteur muss d'Zerstéierung bezuelen, de Präis gëtt un der berechenter Punktzuel festgemaach.

Ee Punkt wäert 1,5 bis 2 Euro kaschten, seet de Camille Gira. Op déi Manéier kéinte kohärent, sënnvoll, zesummenhängend a gréisser Fläche fir d'Natur entstoen. Dat géif méi Sënn maachen, wéi wann e Promoteur isoléiert op engem klengen Terrain e puer Beem planzt fir ze kompenséieren. Eng integréiert Kompenséierung tëscht Naturschutz a Waasserschutz géif méi bréngen.

Limitéiert Virkafsrecht a Réckgang vu Flächeverbrauch

De Staat huet mëttlerweil an den Naturschutzzonen 200 Hektar Land fir Kompensatiounsfläch opkaaft. Ouni op d'Virkafsrecht zréckzegräifen. Mat de Leit schwätze géif méi bréngen, seet de Staatssekretär am Ëmweltministère. Beim Kafpräis hätt sech de Ministère eng Limitt vu 500 Euro den Ar gesat. Virkafsrecht vun Terraine gëtt limitéiert op d'Ukafe vu Flächen, déi an national Naturschutzzone solle kommen. Dat wäerte fënnef bis sechs Prozent vun der Landfläch sinn, dorënner wier och vill Bëschfläch, seet de Camille Gira.

De Flächeverbrauch wier an de leschte Joren zolidd zréckgaangen. An den 90er Jore wiere bis zu 900 Hektar d'Joer versigelt ginn. An de Joren 2000 bis 2010 wieren et 300 Hektar d'Joer gewiescht. An zënterhier wären et just nach 200 Hektar d'Joer, déi versigelt a verbaut ginn. Fir de Camille Gira bedeit dat, datt een op der anerer Säit 50 Hektar Land d'Joer brauch, fir ze kompenséieren.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

François Bausch
Wuesstem

Lëtzebuerg geet am Verkéierschaos ënner. Fir d'Period 2023-2033 annoncéiert de François Bausch eng nei Mobilitéitsstrategie: De MODU 2.0. D'Land bräicht en anere Wuesstemsmodell.

François Bausch.JPG
Programme directeur a sektoriell Pläng

Wéi soll Lëtzebuerg sech mëttel- a laangfristeg entwéckelen? Déi blo-rout-gréng Regierung hëlt en neien Ulaf fir de Logement, d'Gréngzonen, den Transport an d'ekonomesch Aktivitéitszonen méi kohärent ze plangen.

Markus Hesse
Landesplanung

Wirtschaftlech an demografesch Entwécklung dierften net vermëscht ginn, seet de Markus Hesse vun der Uni Lëtzebuerg. Lëtzebuerg kéint d'Capacitéite fir 1,1 Milliounen Awunner net bereet stellen.

Roby Biwer.JPG
natur&ëmwelt

De Roby Biwer, President vun natur&ëmwelt, wënscht sech, datt dat neit Naturschutzgesetz nach virum Summer duerch d'Chamber geet. An hie geet och op dat ekologescht Engagement vun der LSAP an. 

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen