Chronik "Eng komplex an alarmant Realitéit"

Gëtt et bei der Berechnung vum Lëtzebuerger Bruttoinlandprodukt, dem sougenannte PIB, en "delikate Problem"? Dat behaapt d'Statistikverwaltung Statec jiddefalls an enger Nott fir d'Koalitiounsverhandlungen. D'Berechnung vum PIB muss nämlech eventuell wéinst Eurostat-Reegelen adaptéiert ginn. An dat kéint eng Hausse vum PIB vu 15 Prozent mat sech bréngen. E grousse politeschen an ekonomeschen Enjeu. Ëmsou méi erstaunt et, datt de Statec, de Finanzministère an Eurostat sech net wëllen dozou äusseren.

Pia Oppel / cbi

Analys Pia Oppel
D'Pia Oppel fënnt et net souverän, datt de Finanzministère net op Froen äntwere wëllt. Foto: Archiv.

Och ouni déi méiglech Ännerunge wéinst Eurostat-Reegelen ass d'Berechnung vum Lëtzebuerger PIB schonn en Thema. Eréischt viru Kuerzem huet d'Statistikverwaltung hir Berechnung vum PIB fir d'Joer 2017 musse revidéieren: Amplaz vun 2,3 Prozent ass déi Lëtzebuerger Ekonomie dat Joer just ëm annerhallwe Prozent gewuess. A senger Newsletter vum 19. Oktober huet de Statec vun engem "perturbéierte" Wuesstum geschwat.

Methodologesch Problemer fir Eenzelfäll

Exzeptionell Phenomener hätten d'Performance vu verschiddene Branchë beaflosst. Net déi allgemeng Entwécklung vun der Ekonomie géif d'Korrektur erklären, mee Eenzelfäll fir déi sech grouss methodologesch Problemer stellen. Verwise gëtt op exzeptionell Operatioune vu multinationale Gruppen. Am 100,7-Interview wollt de Statec-Direkter Serge Allegrezza deemools op Nofro hi keng weider Detailer nennen.

D'Lëtzebuerger Land hat eng Pist genannt, wou d'Korrektur kéint hierkommen. Nämlech haten déi Lëtzebuerger Entitéite vu Firme wéi Amazon, Coca-Cola, Heinz a Skype hir Gewënner 2017, anescht wéi d'Jore virdrun, an aner Länner transferéiert - wuel aus steierleche Grënn.

Valeur ajoutée "drastesch reduzéiert"

An der Nott un de Formateur schreift de Statec am Oktober, datt d'Formulatioun am Communiqué vum 19. Oktober "sibyllinesch" wier - also geheimnisvoll a rätselhaft. Hannendru géif sech awer eng "komplex an alarmant Realitéit" verstoppen: D'Dominanz vu groussen Entreprisen, deenen hiert Verhalen onprevisibel wier. 2017 hätten e puer sou Entreprisen hir Valeur ajoutée "drastesch reduzéiert", wat eng Chute vum PIB vun bal annerhallwer Milliard mat sech bruecht hätt.

An da kënnt de Statec op den "delikate Problem" ze schwätzen, deen d'Zouverlässegkeet vum PIB als zentralen Indicateur weider a Fro stellt. Nämlech misst Lëtzebuerg eventuell déi sougenannt Patentboxen anescht comptabiliséieren.

De PIB explodéiert

Gemengt sinn d'Patent- a Lizenzrechter vu groussen Entreprisen, déi si haaptsächlech aus Steiergrënn hei am Land domiciliéieren. Fir d'Notze vun de Rechter iwwerweisen d'Duechtergesellschafte vun dësen Entreprisë grouss Zommen un déi Lëtzebuerger Entitéit.

Bis elo gëtt just een Deel vun dësem Chiffre d'affaire als Valeur ajoutée fir d'Berechnung vum PIB consideréiert. Eng Ännerung vun de Reegele kéint mat sech bréngen, datt de Lëtzebuerger PIB "explodéiert", esou de Statec, an zwar ëm 15 Prozent.

Wéi kann de PIB credibel bleiwen?

D'Statistikverwaltung géif d'Particularitéite vun der Lëtzebuerger Wirtschaft elo an der Déift studéieren, heescht et an der Nott. D'Verwaltung schéngt perplex a stellt d'Fro: Wat musse mir maachen, fir datt de PIB nach ee credibelen Indicateur bleift?

An de Statec ass net eleng mat där Suerg. De Comité Economique et Financier National schwätzt a senger Nott un de Formateur vun engem "héije Risiko", deen d'Onsécherheete bei der Berechnung vum PIB mat sech bréngen. Dat kéint op villen Niveaue Konsequenzen hunn, notamment bei de staatlechen Depensen.

Objektiver sinn un de PIB gekoppelt

Lëtzebuerg hätt sech Objektiver ginn, déi un de PIB, respektiv de Revenu National Brut, gekoppelt sinn: Zum Beispill 0,6 Prozent fir d'Verdeedegung, 0,7 bis 0,9 Prozent fir Recherche an Entwécklung, dem Koalitiounsaccord no soll dëst Zil op ee Prozent eropgesat ginn, an ee Prozent fir d'Entwécklungshëllef. Dës Depensë wiere schwiereg ze plangen, wann déi makroekonomesch Donnéeë methodologeschen Onsécherheeten ausgesat wieren. A si missten eventuell ganz staark eropgesat ginn, wann de PIB klëmmt.

De PIB wier och ee wichtegen "Input" fir d'Berechnung, ob Lëtzebuerg déi europäesch Budgetsreegelen anhält. Géif de PIB staark no uewe korrigéiert ginn, kéint dat am schlëmmste Fall dozou féieren, datt Lëtzebuerg säi sougenannt mëttelfristeg Budgetsobjektiv net kann anhalen.

Keng Äntwerte vun offizieller Säit

Direkt no der Publikatioun vun dësen Notten Ufank Dezember huet de radio 100,7 Erklärunge beim Statec gefrot. Déi wëllt d'Verwaltung fréistens am neie Joer liwweren. Och am Finanzministère krute mir keng Erklärungen. Dat ass bedauerlech an net souverän. Op d'mannst misst ee bereet sinn, ze erklären, wat den Enjeu genee ass.

Eng Ufro bei Eurostat huet och wéineg weider gehollef: D'Eurostat-Reegelen hätten net geännert, heescht et an enger Äntwert op eis Froen. Mee et géifen Diskussiounen tëschent "EU-Statistiker a multinationale Konzerner" ginn, wéi dës Reegele sollen applizéiert ginn. Eurostat wier a Kontakt mam Statec. An et wier ze fréi fir Conclusiounen iwwer den Zäitpunkt an eng potentiell Revisioun vum PIB ze zéien.

Wat ass lass mam PIB?

Lëtzebuerg wier op alle Fall net dat éischt Land, dat säi PIB wéinst de Patentboxe misst staark no uewe korrigéieren: An Irland ass d'Wirtschaftsleeschtung 2015 dowéinst op ee Coup ëm 26 Prozent gewuess.

Wat ass lass mam PIB - an huet deen Indicateur iwwerhaapt nach iergendee Bezuch zur ekonomescher Realitéit hei am Land? Dat wier wichteg ze wëssen, no engem Wahlkampf an deem de Wuesstum am Mëttelpunkt stoung, virun den nächste Budgetsdebatten an der Chamber, an an Zäiten, an deenen iwwer Steierreduktioune fir Betriber diskutéiert gëtt, déi wuel heiansdo méi oder manner Substanz hei am Land hunn.

An der Mediathéik:

Chronik / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier BETTEL
Regierung Bettel II

Esou laang et dem Land géif gutt goen, sollt et de Bierger gutt goen. Eréischt wann dat net méi de Fall wier, misst ee kucke wou ee misst kierzen, mengt de Premier Xavier Bettel.

Gemengefinanzen
Chamberdebatten zu der Regierungserklärung

Huet d'Dräierkoalitioun d'Staatsfinanze wierklech am Grëff a wéi vill kascht de Koalitiounsprogramm? Wéi héich ass déi eigentlech Staatsschold? Dës an aner Froen hunn d'Oppositiounsparteien opgeworf.

Den Etienne Schneider, de Xavier Bettel, d'Corinne Cahen an de Félix Braz.
Chamberwahlen 2018

DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

Serge Allegrezza
STATEC

D'Wirtschaftssituatioun vu Lëtzebuerg ass nach ëmmer ganz favorabel, och wann d'Wuesstemsprognosen no ënne revidéiert goufen, seet de Statec-Direkter, Serge Allegrezza. An d'Staatsfinanze wieren excellent.

Seminar
OECD-Etude

Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et gutt, seet d'OECD. Awer et misste beim Emploi an der Integratioun vun Auslänner Upassunge gemaach ginn. Och d'Ofhängekeet vum Finanzsecteur gesäit d'OECD kritesch.

Budget 2017
Staatsbudget 2017

De Budget vum Zentralstaat wäert d'nächst Joer en Defizit vu ronn enger Milliard Euro maachen. Dat weist de Staatsbudget 2017, deen de Finanzminister Gramegna de Moien an der Chamber deponéiert huet

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen