Däitschland Eng Institutioun am Kräizfeier
Och an Däitschland goufen dës Woch nees nei Corona-Restriktioune beschloss. D'Decisioun dofir huet d'Bundeskanzlerin zesumme mat de Ländercheffe getraff - an der sougenannter Ministerpresidentekonferenz. Firwat bestëmmt dëst Organ an de leschte Méint déi däitsch Politik?
D'Detailer iwwer déi nei Corona-Restriktioune waren nach net alleguer un d'Ëffentlechkeet komm, du gouf et scho nees Kritik. Den Iwweltäter? Den thüringesche Ministerpresident Bodo Ramelow vun Die Linke. Säi Bundesland géif net alleguer déi nei Mesurë matdroen, villes wier onverhältnesméisseg.
Dobäi hat dach d'Bundeskanzlerin Angela Merkel keng Stënnche virdrun virun der Press erkläert, d'Bundesländer géifen alleguerten un engem Strang zéien. Kann d'Unitéit an der däitscher Politik wierklech esou séier zerbrach sinn?
Eng Institutioun als Gewënner
Wann ee sech d'Pandemie-Joer 2020 aus der Siicht vun der däitscher Politik ukuckt, da gëtt et vill Verléierer - souwuel Persoune wéi Institutiounen. Zu de ganz klore Gewënner awer zielt d'Ministerpresidentekonferenz - en Organ, dat de meeschten Däitschen virun der Corona-Kris onbekannt war. An elo déi wichtegst politesch Decisioune schéngt ze treffen.
Richteg ass: D'Konferenz tëschent de Ländercheffen an der Bundeskanzlerin ass essentiell ginn, wat d'Ofstëmmung vun de Corona-Mesuren ugeet. Net richteg ass awer, datt dëst Organ d'Saachen och konkret ëmsetzt. Déi Aufgab läit weiderhin bei de Bundesländer, dem Föderalismus sei Dank.
Trotzdeem ass d'Kritik vun der Ministerpresidentekonferenz an dësen Deeg grouss. Et géif keng konstitutionell Basis dofir ginn, datt e Beschloss aus der Konferenz misst an de Länner ëmgesat ginn, ass ee Reproche. Ausserdeem gëtt gefaart, datt ouni Legitimatioun aus de Parlamenter um Enn souwisou nees d'Geriichter d'Mesurë kippen.
D'Länder brauchen d'Kanzlerin
D'Crux vun der Diskussioun läit, ewéi sou dacks, am Detail. Am däitschen Infektiounsschutzgesetz steet nämlech, datt all Moossnamen zur Pandemie-Bekämpfung vun de Bundesländer erlooss ginn. Wien also, wéi aktuell Thüringen, de Beschloss aus der Ministerpresidentekonferenz net wëllt ëmsetzen, muss dat och net. Un deem Punkt kann ee sécherlech a Fro stellen, firwat der Konferenz esou vill Gewiicht zougestane gëtt.
Mee zur Wourecht gehéiert eben och, datt d'Ministerpresidenten et besonnesch an den éischte Woche vun der Pandemie eben net eleng hikruten, sech op eng Linn ze eenegen. Déi 16 Männer a Fraen, déi d'Regierunge vun de Bundesländer leeden, hunn d'Kanzlerin - an d'Ministerpresidentekonferenz - gebraucht. Fir eng Richtung virzeginn an déi ënnerschiddlech Strategien ënner een Hutt ze bréngen.