DP-KONGRESS Eng Impfinvitatioun virum Summer

Déi demokratesch Partei wëllt "vun elo un" um Wahlprogramm fir 2023 schaffen, dat huet d'Parteipresidentin Corinne Cahen de Méindeg den Owend vum Digitalkongress zu Hesper ugekënnegt. Domat soll d'Zäit no der Pandemie virbereet ginn, an där d'DP ee Fokus op d'Aarbechtsrecht an eng besser "Work-Life-Balance" wëll leeën. D'Corona-Pandemie huet och dëse Kongress dominéiert, an de Premier Xavier Bettel huet weider Annoncen a punkto Impfunge gemaach.

Christiane Kleer / cz

Nationalkongress DP
Foto: DP

D'Tribün vum Kongress gouf genotzt fir ee weider Plaidoyer fir d'Impfen: de Premier sot hie wier - wéi ugekënnegt - ageschriwwen fir fräiwëlleg mam Vaccin vun AsatraZeneca geimpft ze ginn. D'Parteipresidentin Corinne Cahen sot si géif sech impfe loossen soubal et un hir wier. A mat deenen Invitatioune kéint et an de nächste Méint séier virugoen, sou de Premier. Virraussiichtlech soll jiddwer Lëtzebuerger bis virun der grousser Vakanz eng Invitatioun geschéckt kritt hunn.

Ronn 26 Dausend Leit sinn antëscht op der Fräiwëllege-Lëscht iwwer impfen.lu ageschriwwen. Dës Woch kéinten déi éischt dovun eng Invitatioun kréien. An ofhängeg vum Urteel vum Conseil national des maladies infectieuses, kéint fir déi Kategorie geschwënn nach méi Impftstoff disponibel sinn.

"Den CSMI huet eis nämlech matgedeelt datt si een Avis wäerte schreiwen iwwer Johnson, dofir weess ech och net op den Johnson do op déi Lëscht kënnt, dat sinn Decisiounen déi mer an den nächste Stonnen an Deeg wäerten huelen."

Verteidegung vun der Krisegestioun a Kritik un der CSV

De Xavier Bettel huet um Kongress d'Krisegestioun vun der Regierung verteidegt - a sech explizitt viru seng Parteikolleegin, d'Familljeministesch Corinne Cahen gestallt. Et wieren deplacéiert Momenter an der Chamber gewiescht, sot hien, mat Verweis op d'Récktrettsfuerderunge vun der CSV wéinst der Situatioun an den Altersheemer. De Xavier Bettel huet vu "Populismus op engem vun de sensibelsten Dossieren" geschwat.

Op d'Ausso vun Claude Wiseler de Méindeg hei op der Antenn, d'CSV wier do wann et an der Dräierkoalitioun géif bréckelen, sot eis de Xavier Bettel um Bord vum Kongress:

"Mir haten de Moie Regierungsrot, ech kann iech just soen datt do näischt bréckelt, au contraire, datt eng homogen Equipe do ass, déi de Koalitiounsaccord wëllt ëmsetzen, ech weess net wou hie bréckele gesäit, mee et bréckelt méi bei hinnen eleng wéi an enger Koalitioun mat dräi Parteien."

D'DP wëllt elo, wéi d'Corinne Cahen sot, d'Zukunft an d'Zäit no der Kris virbereeden an elo ufänken um nächsten DP-Wahlprogramm ze schaffen. Konkret Detailer goufe keng genannt, dofir awer grouss Zilsetzunge wéi ee Work-Life-Balance-Gesetz oder Mesurë fir den Télétravail.

Méi zum Thema

Claude Wiseler
Parteispëtzt

De Claude Wiseler ass neien CSV-Parteipresident: den 61 Joer alen Deputéierten a fréiere Minister gouf ouni Géigekandidat de Moien um digitalen Nationalkongress mat 84,6 Prozent vun den Delegéiertestëmme gewielt.

Pressekonferenz vum Frank Engel, 19. Mäerz
NATIONAL POLITIK

De Frank Engel ass vun haut un net méi Member vun der CSV: de 45 Joer ale Parteipresident vu bis elo, huet seng Partei-Memberschaft no 26 Joer opginn. Dat huet hien de Moien op Facebook offiziell matgedeelt.

Martine Hansen a Gilles Roth
ERNEIERUNG

Nieft der Martine Hansen steet de Gilles Roth zanter e Mëttwoch gläichberechtegt un der CSV-Fraktiounsspëtzt. Wéi koum et zur Entscheedung fir eng Duebelspëtzt a wat bedeit se fir d'Waljoer 2023?

Chambersplénière
No Infektiounsclusteren

D'Oppositioun fuerdert de Récktrëtt vun der Familljeministerin Corinne Cahen - si hätt hir Aarbecht net richteg gemaach. Hannergrond sinn déi rezent Corona-Clusteren an den Alters- a Fleegeheemer.

Corinne Cahen Riicht Eraus
Demokratesch Partei

D'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen gesäit kee Feeler am Ëmgank vun hirer Partei mat der Mobbing-Affär ëm d'Monica Semedo. Et hätt ee versicht d'Europadeputéiert zur Asiicht ze beweegen - ouni Succès.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen