Schwammen Eng hallef Sekonn fir op d'Olympiad

Fir sech fir d'olympesch Spiller d'nächst Joer zu Tokyo ze qualifizéieren, muss de Raphael Stacchiotti seng perséinlech Beschtzäit ëm eng hallef Sekonn verbesseren. Wann dat him geléngt, wier et seng véiert Bedeelegung un den olympesche Spiller.

Françoise Keller / cbi

Raphael Stacchiotti
Geléngt et dem Raphael Stacchiotti sech fir d'Olympiad ze qualifizéieren?

Dem Raphael Stacchiotti säin nächst Zil ass et sech fir d'olympesch Spiller d'nächst Joer zu Tokyo ze qualifizéieren. Dofir muss hien eng hallef Sekonn am Verglach mat senger perséinlech Beschtzäit um 200 Meter 4-nages gutt maachen. Et wier awer net esou einfach, sech ëm eng hallef Sekonn ze verbesseren:

"Wann ee weess, datt ech zanter 2011 un där 2:00 knabberen, ass eng hallef Sekonn enorm vill. Elo sinn ech bei 2:00,21, déi ech 2016 bei den olympesche Spiller zu Rio geschwommen hunn. Do virdru war meng Beschtzäit 2:00,22 vum Euromeet hei am Januar 2012. Also si véier an een halleft Joer vergaange fir eng Honnertstel ze gewannen. Ech hoffen, datt et dëst Joer e bësse méi séier geet."

Wéini sech entscheet, ob de Raphael Stacchiotti bei den olympesche Spiller dobäi ass, ass nach net kloer. Déi nächst Versich fir sech ze qualifizéieren si bei der Weltmeeschterschaft a Südkorea am Juli oder nach beim Euromeet am Januar.

Géint de Leeschtungsdrock ukommen

Bis zu d'Halschecht vun der Leeschtung vu Sportler géif vu mentaler Stäerkt ofhänken, schätzt de Schwëmmer Raphael Stacchiotti. U kierperlecher Fitness géif hie bei Kompetitiounen net scheiteren, et misst een awer eng Konstanz am Training all Dag hunn.

Virun allem fir d'Schlussphas virun enger Kompetitioun géif et drop ukommen, datt ee konzentréiert ass. Fir de Raphael Stacchiotti ass et wichteg ze wëssen, datt een a Saachen Ernärung a Recuperatiouns-Zäiten alles richteg gemaacht huet:

"Wann een da schonn an d'Kompetitioun geet an et weess een, "ech si wierklech um Top vum Top" - dat hëlleft natierlech fir d'Confiance. Dono ass et natierlech wann een am Call-room bis steet, dee Moment virun der Kompetitioun, do gewënnt een zwar keng Course, mee et kann ee se do verléieren. Do geet et wierklech drëm, dat gutt ze kanaliséieren, seng Gedanken an enger gudder Reiefolleg ze hunn, seng Routine ze fannen an dann ass dat kee Problem. Mee dat ass net ëmmer esou einfach natierlech."

Fir mat Leeschtungsdrock ëmzegoen schafft de 27-Jährege Schwëmmer och mat engem Mental-Coach zesummen.

Bei de Spiller vun de klenge Länner huet de Raphael Stacchiotti bis ewell 40 Goldmedaile gewonnen. Déi Kompetitioun wier sportlech gesinn awer net sou e wichtege Rendez-vous fir hien. Iergendwann géif eng gewëss Routine entstoen - de Spaassfaktor wier awer ëmmer do.

De Raphael Stacchiotti wëllt seng professionell Carrière als Schwëmmer iwwerdeems bei den nächste Spiller vun de klenge Länner 2021 zu Andorra ophalen. Konkret Zukunftspläng huet hien awer nach net.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Bob Bertemes
Spiller vun de klenge Länner

De Kugelstéisser Bob Bertemes geet als Titelverdeedeger an Toppfavorit an d'Spiller vun de klenge Länner. Wéi geet hie mat deem Drock ëm? De Matthias Kirsch huet sech mat him ënnerhalen.

Marion Diehl - Berlin 2018
Liichtathletik-EM zu Berlin

Dräi Lëtzebuerger Sportler ware bei der Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu Berlin um Depart. Si brénge gutt Resultater mat heem, esou datt déi Responsabel ganz zefridde sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen