Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng grouss Gefor fir d'Biodiversitéit

Invasiv Déierenaarten zu Lëtzebuerg

Eng grouss Gefor fir d'Biodiversitéit

Deen éischten Ament ass een erstaunt iwwer déi Nouvelle: viru kuerzem goufen 72 Schildkröten am Haff Réimech gefaangen an dout gemaach. Fakt ass, datt déi Déieren net an eis Natur gehéieren, si bedeiten eng Gefor fir d'Biodiversitéit. "Mir hu méi där invasiv exotesch Aarte bei eis", seet den Tiago De Sousa vun der Naturverwaltung.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow

"Déi Schildkröten si wuel dacks vu Privatleit ausgesat ginn", seet den Tiago De Sousa vun der Naturverwaltung. "D'Leit mengen et och net schlecht - si sinn iwwerzeegt, den Déieren eppes Guddes ze doen. Si sinn sech de Suitte vun hirem Handelen net bewosst". Déi Schildkröte sinn awer e Problem ënner anerem fir d'Libellen oder de Kammmolch. Och wann der elo vill vun hinne fort vum Haff Réimech sinn, wier de Problem nach net geléist, esou den Tiago De Sousa.

15 invasiv Aarte bei eis

Et dréit sech bei deene Schildkröten ëm eng invasiv Aart, déi och op enger EU-Lëscht stinn. Op där Lëscht wieren aktuell 66 där Aarten - bei eis wieren der 15 dovunner ënnerwee, esou den Tiago De Sousa. Et geet dobäi ëmmer ëm exotesch Aarten, déi sech intensiv reproduzéieren an domat eng Gefor fir aner Déierenzorten, eis Gesondheet oder eis Wirtschaft sinn.

Et ass den dréngenden Appell, datt d'Leit keng Déieren aussetzen - nëmmen esou kënnt de Problem guer net op. "Mir setzen do op Preventioun" - esou den Tiago De Sousa. Déi géif eeben awer net ëmmer geléngen.