Déi Lénk Eng explosiv Fro

Fir de Marc Baum ass et eng Fro mat Sprengstoff, wéi d'Regierung wéinst der Coronakris wëll d'Staatsfinanzen am Grëff halen, sou den Acteur a Politiker vun déi Lénk a Riicht Eraus.

Jean-Claude Franck / cz

Riicht Eraus Marc Baum
De Politiker an Acteur Marc Baum war den 3. Oktober Invité a Riicht Eraus

Den Impakt vun der sanitärer Kris op d'Staatsfinanzen ass däitlech. Entweder d'Regierung misst entgéint hire fréieren Aussoe bereet sinn d'Staatsverschëldung iwwer 30 Prozent vum PIB uklammen ze loossen, oder se misst decidéiere wou se d'Suen hir hëlt, esou de Marc Baum. Wann d'Koalitioun wéilt Sue beim Endverbraucher huelen, wier se honnertprozenteg um Holzwee. Déi Thematik géif déi nächst Zäit am ëffentlechen Interessi stoen.

Fir eng Verméigens- an Ierfschaftssteier

Déi Lénk plädéieren ënner anerem scho méi laang fir eng Verméigenssteier vun 0,5 Prozent mat Ausnam vu Bank-Avoiren ënner 200.000 Euro an dem eegene Wunnsëtz, a fir eng Ierfschaftssteier fir Montanten iwwer 1,5 Milliounen Euro. De Marc Baum seet, et wier e Kommunikatiounseffort néideg fir déi Mesuren z'erklären:

Jiddereen iergendwann ierft iergend eppes a wann et just e puer honnert Euro sinn. A jidderee mengt dann domat sinn ech gemengt. Do ass de Kommunikatiounseffort: Do muss ee soen nee dier sidd net betraff. Et gëllt, déi ze treffen déi mam gëllene Läffel op d'Welt kommen, an déi vum Patrimoine liewen an net vum Salaire.

Iwwer d'Entwécklung vun déi Lénk an de leschten 21 Joer mengt de Grënnungsmember Marc Baum, datt een zënter 2009 am Gaange wier sech nees opzebauen. Et wéisst een net genee, wisou déi Lénk zënter hirer Grënnung ni iwwer 6 Prozent bei Chamber- oder Europawahlen erauskomm sinn, an awer Theme besetzen, déi an Ëmfroe ganz uewen an der Lëscht vun de Suerge vun de Bierger stinn. Vläicht wier et och eng individuell Kritik fir hien als Deputéierten, sou wéi seng Deputéiertekolleegen aus de leschte Joren David Wagner, André Hoffmann, Serge Urbany a Justin Turpel: "Firwat hu mer bei Wahlen net besser Resultater?". Als kleng Oppositounspartei géif een awer och heiansdo u seng Limitte stoussen.

Demissioun am Escher Gemengerot

De Marc Baum wäert Enn Oktober am Escher Gemengerot demissionéiere fir Plaz ze maache fir de Laurent Biltgen. Dem Rotatiounsprinzip vun der Partei no kréien d'Mandatairen op Gemengenniveau geroden, wärend dem sechs Joer-laange Mandat Plaz fir en anere Kandidat vun déi Lénk ze maachen. Där Recommandatioun gëtt an de Gemengen net an all Fall Rechnung gedroen.

No Mee 2021: Keen aktiivt politescht Mandat méi

Wéi scho gewosst wäert de Marc Baum wéinst dem selwechte Rotatiounsprinzip am Mee 2021 och an der Chamber ophalen. Well d'Koalitioun vun DP, Gréng an LSAP just eng dënn Majoritéit vun 31 vu 60 Sëtz huet, hätt d'Sträitkultur an der Chamber leider nach méi ofgeholl, esou de Marc Baum:

Wann ee sech eng ganz Rëtsch Interventiounen ulauschtert, mierkt ee ganz dacks - ouni de Kolleegen ze no ze trieden - datt et u Substanz feelt, Floskele widderholl ginn, déi wierklech net fërderlech sinn, mee Ausdrock si vu Manktem u Sträitkultur.

Et wiere seng berufflech Pläng wier rëm reng Schauspiller ze sinn, esou de Marc Baum. Bei den nächste Chamberwahle am Joer 2023 géif hien awer nees fir déi Lénk kandidéieren, a bis dohi wéilt hien och an der Partei op fräiwëlleger Basis aktiv bleiwen.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Jean-Claude Franck
Lauschteren

Méi zum Thema

Laurent Mosar
No Ofso vu Fage

Den Dossier Fage wier eng "Blamage" fir déi ganz Lëtzebuerger Regierung. Duerch de Réckzuch vum Jugurtsproduzent weir e Reputatiounsschued am Ausland entstanen, ënner deem Lëtzebuerg nach "ganz laang wäert leiden", esou de Laurent Mosar.

René Winkin
Industriepolitik

D'Industriellefederatioun bedauert, datt Fage elo awer keng Jugurtsfabrick zu Lëtzebuerg wäert bauen. D'Prozedure wieren an d'Längt gezu ginn, mengt de Fedil-Direkter René Winkin.

Franz Fayot
Besteierung vu grousse Verméigen

De Virstouss vum Frank Engel iwwer d'Ierfschaftssteier fënnt de Franz Fayot "interessant". Den CSV-President hätt "de Fanger op e wonne Punkt" geluecht. Fir d'Wale kéint dat e wichtegt Theema ginn.

Carole Thoma
Europawahlen 2019

déi Lénk wier prett fir no den Europawahlen e Vertrieder an dat Europäescht Parlament ze schécken. Dëse soll géint déi multinational Konzerner kämpfen a fir d'Interesse vun de Leit, seet d'Carole Thoma.

Bau-Aarbeschter
INDUSTRIEPOLITIK

Däitschland a Lëtzebuerg setzen sech zesummen dofir an, eng méi europäesch Strategie fir d'Industrie ze entwéckelen. Dat geet aus engem Pabeier ervir, dee béid Länner op enger Reunioun zu Sofia presentéiert hunn.

Nicolas Buck
FEDIL

Eng Tax op Robotik wier absurd, seet de President vun der FEDIL. Et kéint een net Prozesser besteieren, mä just de Gewënn. Fir den Nicolas Buck ass den Zougang zu Terrain e Problem fir d'Industrie.

Jean-Claude Franck Kommentar
Wirtschaftschronik

D'Zukunft vum (ekonomesche) Wuesstem ass ee vun deene Sujeten, iwwert deen dëst Joer vill diskutéiert gouf. Leider net an den néidegen Nuancen. Lëtzebuerg brauch eng kohärent Zukunftsplanung.

Michel Wurth, Nicolas Schmit, Jean-Claude Reding
Riicht eraus

Déi drëtt industriell Revolutioun verännert net nëmmen d'Aarbechtswelt. Et géing och u Leit feelen, déi déi néideg digital Kompetenzen hunn. Et soll dofir en individuellt Recht op Weiderbildung ginn.

François Bausch
Wuesstem

Lëtzebuerg geet am Verkéierschaos ënner. Fir d'Period 2023-2033 annoncéiert de François Bausch eng nei Mobilitéitsstrategie: De MODU 2.0. D'Land bräicht en anere Wuesstemsmodell.

Wuesstëm
Entwécklung vu Lëtzebuerg

Wéi soll Lëtzebuerg sech entwéckelen? Doriwwer hu sechs Regierungsmemberen an dräi Oppositiounsvertrieder dës Woch diskutéiert. Sujete ware Mobilitéit, nei Betriber an d'Ofhängegkeet vum Wuesstem.

Marc Baum
Reform PAN-Gesetz

Trotz Kompensatioune riskéiert eng méi flexibel Aarbechtszäit-Organisatioun, sou wéi d'Regierung se virgesäit, en défaveur vun de Salariéen auszefalen, warnt den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum.

paul wurth.JPG
Paul Wurth

Dem Groupe Paul Wurth no, ass am Beräich Energie e grousst Ëmdenken amgaang. De Groupe huet en Incubateur lancéiert, fir Projeten an der Industrie “4.0” ze begleeden.

Marc Baum.JPG
Neien Deputéierten

Den Acteur a Parteimataarbechter Marc Baum ass neien Députéierte vun "déi Lénk". Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Serge Urbany. Dat ass e weidere Schrack an der Verjéngung vun der Partei.

Paul Zahlen.JPG
STATEC Etude

D'Lëtzebuerger hu méi Vertrauen an d'Police an an d'Justiz wéi an d'Regierung oder an d'Parlament. Dat geet aus enger Etude vum STATEC ervir. D'politesch Parteie kommen am schlechtesten ewech.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen