Staatsvisite a Japan Eng erfollegräich Wirtschaftsmissioun

D'Delegéiert, déi de Grand-Duc a Japan begleet hunn, sinn zefridden. Nieft dem Accord am Beräich vun de Space Resources koum ee sech och op anere Punkte méi no. Och am audiovisuelle Secteur.

Paule Rodesch / ys

Visite d'État de S.A.R. le Grand-Duc au Japon (27-29.11.2017) - Journée du 27 novembre 2017
Foto: SIP / Charles Caratini, tous droits

Dräi Deeg laang huet d'Staatsvisite vum Grand Duc a vun der Prinzessin Alexandra a Japan gedauert. E Mëttwoch den Owend ass den offiziellen Deel op en Enn gaangen. Déi 100-käppeg Wirtschaftsdelegatioun, déi de Groussherzog begleet huet, weist sech zefridden. Virun allem wéinst engem Accord am Beräich vun de Space Resources, dee Lëtzebuerg a Japan ënnerschriwwen hunn.

Als gréissere Succès hieft de Finanzminister Pierre Gramegna de Kooperatiounsaccord tëscht der Cargolux an Nippon Cargo Airlines ervir. Zënter 30 Joer war den Accord an der Diskussioun, an e Mëttwoch gouf en ënnerschriwwen. Domat kréich d'Lëtzebuerger Cargo-Gesellschaft ënnert anerem Accès op de Flughafen Narita.

Déi direkt Verbindung géif zu méi Exporter an Importer féieren, sou de Pierre Gramagna: "Domat symboliséiere mir och, datt Lëtzebuerg wéi Japan Länner sinn, déi oppe si fir de Commerce mondial."

Medikamenter a Filmer

An noer Zukunft kéint e gréissere japanesche Pharmakonzern sech zu Lëtzebuerg installéieren a Pharmazeutika produzéieren, sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Weider Informatioune wollt hien awer nach net nennen.

Och am kulturelle Beräich sinn iwwert déi lescht Deeg Gespréicher mat japanesche Betriber zu Tokio gefouert ginn. Besonnesch am audiovisuelle Beräich bestéing Interessi fir eng Zesummenaarbecht, sou den Etienne Schneider. Beim Tokyo International Filmfestival wier Gutland vum Lëtzebuerger Realisateur Govinda van Maele selektionéiert ginn. "Och do hu mir e Succès ze vermellen. Produktioune vu Lëtzebuerg sinn hei unerkannt a sinn och positiv opgefall. A mir hoffen dat kënne weider auszebauen."

Partner fir d'industriell Revolutioun?

Japan wier och interessant als Partner fir Lëtzebuerg, well immens vill Prozesser robotiséiert gi wieren, seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen. Well d'Land konfrontéiert wier mat engem Mangel u Personal, wieren aner Léisunge gesicht ginn, iwwert de Wee vun der Technologie. Lëtzebuerg misst och Ressourcen importéieren, well et der net genuch hätt. Lëtzebuerg a Japan kéinte bei hire Strategië fir d'Entwécklung vun der Gesellschaft zesummeschaffen a vunenee léieren.

D'Delegéiert schwätze vun enger ganz erfollegräicher Wirtschaftsmissioun. Vill Gespréicher wieren nach am gaangen a géifen zum Deel an den nächsten Deeg ofgeschloss ginn. Den offiziellen Deel ass elo eriwwer. Um Donneschdeg reest de Grand-Duc nees zréck op Lëtzebuerg.


Bäitrag vum Paule Rodesch vum 30. November:

Bilan Staatsvisite

Méi zum Thema

Koichi Wakata
Staatsvisite

Bei der Staatsvisite a Japan gouf en Accord fir eng Kooperatioun am Weltraum-Secteur ënnerschriwwen. Och d'Japan Aerospace Exploration Agency stellt sech als interessante Partner fir Lëtzebuerg duer.

Staatsvisite a Litauen
Wirtschaft an Defense

De Grand-Duché a Litauen wëllen um wirtschaftleche Plang an a Sécherheetsfroe méi enk zesummeschaffen. Déi offiziell Visite vum Grand-Duc a Litauen huet gewisen, datt et vill Potential gëtt.

Japanesche Premier Shinzo Abe, Donald Tusk, Jean-Claude Juncker op PK no Sommet
Fräihandelsaccord EU-Japan

D'EU gëtt sech iwwert ee Fräihandelsaccord mat Japan eens a schéckt ee klore Message géint de Protektionismus op de G20-Sommet. D'EU wier mat deem Message net kredibel, seet Greenpeace.

Photo-3---Bank-of-China.jpg
Visite a China

De Xavier Bettel ass op offizieller Visite a China. Et goufen eng Rei Accorden an Absichtserklärungen ënnerschriwwen. Donieft stounge Gespréicher mat de Vertrieder vun chinesesche Banken um Programm.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen