No den Iwwerschwemmungen Eng besser Kommunikatioun bei Katastrophen

D'Regierung zitt hir Konsequenzen aus der Iwwerschwemmungskatastroph. Virun allem an der Kommunikatioun sollen et Verbesserunge ginn. Dat äntwert d'Inneministerin Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.

Jacques Ganser / cbi

GouvAlert
Nieft der GouvAlert-App sollen och aner Kanäl benotzt gi fir d'Leit ze warnen

Lauschteren


D'Ministerin verweist an hirer Äntwert op en interministeriellen Aarbechtsgrupp, dee scho virun der Katastroph domadder beoptraagt gi war, de System vu GouvAlert ze iwwerschaffen.

Et geet dobäi souwuel ëm d'App selwer, wéi och ëm digital Alternativen. Déi Reform soll an Zesummenaarbecht mam Centre des Technologies de l'État (CTIE) bis Mëtt 2022 fäerdeg gestallt sinn.

Kloer wier awer, dat d'Populatioun zukünfteg iwwer méi Kanäl wéi bis elo informéiert gëtt, dozou gehéieren Internetsitten an Appen, mee och déi klassesch elektronesch Medie wéi Radio an Tëlee, souwéi déi sozial Medien.

Mat Cell Broadcast solle méi Leit erreecht ginn

Dobäi kënnt déi iwwerschaffte GouvAlert-App a virun allem en SMS-System op Basis vum sougenannte Cell Broadcast.

Dee System erlaabt et sämtlechen Handyen an enger gewësser Regioun eng Push-SMS ze schécken a se esou ze warnen. Déi Concernéiert brauchen dobäi näischt erofzelueden a sech néierens unzemellen, domadder gëtt och d'Couverture vill méi grouss wéi bei enger App.

Der Inneministerin no wëllt Lëtzebuerg och an déi Richtung goen an de Schwéierpunkt op eng multikanal Warnung leen.

Den Haut Commissaire à la Protection Nationale (HCNP) Luc Feller huet der Regierung eng Nott zoukomme gelooss, dat no Gespréicher mat de betraffenen Administratiounen. Dës Nott wäert eisen Informatiounen no haut dem Ministerrot presentéiert ginn.

Méi zum Thema

Emile Eicher
Gemengesyndikat

De President vum Syvicol fuerdert, datt Léieren aus dem Héichwaasser gezu ginn. Et misst ee bessere System fonnt gi fir d'Leit fréizäiteg ze warnen, wann d'Waasser klëmmt, esou den Emile Eicher.

Jean-Paul Lickes
Wasserwirtschaftsamt

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt wëllt d'Aart a Weis wéi virun Héichwaasser gewarnt gëtt "kritesch iwwerdenken". Bis elo hätt een d'Populatioun haaptsächlech iwwer inondations.lu gewarnt - an Zukunft misst een awer méi op d'soziale Medie setzen.

Taina Bofferding
Warnsystem

Fir d'Bevëlkerung am Fall vun enger Naturkatastroph méi séier ze informéieren, schafft am Inneministère en Aarbechtsgrupp un enger Léisung. Et wéilt een ewech vun der GouvAlert-App, seet d'Taina Bofferding.

CGDIS 1
No den Iwwerschwemmungen

Den Direkter vun den Operatioune vum CGDIS wëllt den Echange mat de Gemenge verbesseren. Den Tom Barnig betount awer, datt déi Zesummenaarbecht op lokalem Niveau an de meeschte Fäll gutt geklappt hätt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen