Am Verglach mat der Fuesvakanz 2020 wieren et natierlech vill, vill manner Passagéier gewiescht, ënnersträicht den Alberto Kunkel. Ganz vill Destinatioune géifen net méi ugeflu ginn, wéi Tunesien, Ägypten, Marokko an de Cap Vert.
Déi meescht gefroten Destinatioune fir d'Fuesvakanz wieren déi kanaresch Insele gewiescht, awer och Madeira. Donieft wiere Flich op Malaga, Faro an op Palma de Mallorca gaangen.
Fir d'Ouschtervakanz géif een hoffen d'Offer ausbauen ze kënnen, dat heescht op weider Destinatioune kënnen ze fléien, esou de Chef vu LuxairTours, Alberto Kunkel.
Et géif een och hoffen, datt et erëm wäert méiglech sinn, op Zieler baussent der Europäescher Unioun ze fléien, zum Beispill an Tunesien oder an d'Tierkei.