Tripartite-Accord "Energiepräis-Brems": Wéi gëtt se konkret ëmgesat?

De Gaspräis gëtt also gedeckelt an de Stroumpräis agefruer. Dat sinn déi zwee zentral Punkten aus dem Tripartite-Accord vum Dënschdeg. Wéi gëtt déi Decisioun ëmgesat a wat bedeit se fir de Konsument?

Maurice Molitor / cz

Energie Präis Gas Lëtzebuerg
Foto: Bigstock / SERSOL

Lauschteren

D'Gas-Fournisseuren hate fir den 1. Oktober eng zolidd Augmentatioun vun hiren Tariffer ugekënnegt. Bei Südenergie zum Beispill war d'lescht Woch nach vun enger Verdueblung vun den Avancen rieds. Ma déi kënnt elo net: "Mir wäerten der Decisioun vun der Tripartite Rechnung droen", sot eis de Sudenergie-Direkter Alain Fürpass de Mëttwoch de Moien op Nofro hin. Ouni an den Detail ze goen, well och hien nach op Prezisiounen aus dem Energieministère waart.

D'Reegelung beim Gaspräis

Vun do war awer scho gewuer ze ginn, wéi d'Deckelung vum Gaspräis konkret ëmgesat gëtt: Enn September wäert op der Basis vun den ënnerschiddlechen Tariffer, déi déi verschiddene Fournisseure facturéieren, en Duerchschnëttspräis ausgerechent ginn. Déi éischt 15 Prozent, déi dee Präis nom éischten Oktober klëmmt, muss de Konsument selwer droen. Alles wat iwwer déi 15 Prozent erausgeet, iwwerhëlt de Staat. Also d'Allgemengheet. D'Fournisseure kréien d'Differenz dee Moment mat Steiersue bezuelt. Déi Reegel gëllt bis Enn 2023 - wann den Tripartite-Accord ëmgesat ass.

D'Reegelung beim Stroumpräis

Grad esou laangs soll de Stroumpräis net just gedeckelt, mee carrement agefruer ginn, an zwar um Stand vun haut. Do brauch de Client mëttelfristeg also guer keng Präishausse méi ze fäerten. D'Elektrëscht bleift déi nächst 15 Méint esou deier wéi et haut ass.

Méi zum Thema

Gilles Roth
Gilles Roth

D'CSV begréisst, datt d'Regierung an d'Sozialpartner e prinzipiellen Accord fonnt hunn. Wann de Sozialdialog funktionéiert, da sollt een aus der Oppositioun eraus deen net torpedéieren, esou de Gilles Roth.

Jean-Claude Franck
Chronik

Déi nei Hëllefsmesüre fir d'Stéit an d'Betriber sinn op den éischte Bléck ganz interessant. Mee d'Präisbrems op der Energie dierf kee falscht Signal sinn, mengt de Jean-Claude Franck.

Tripartite Dag 3
Tripartite

No 30 Stonne Verhandlungen iwwer dräi Deeg an der Tripartite gouf en Dënschdeg den Owend e prinzipiellen Accord annoncéiert: De Käschtepunkt vum Hëllefspak läit bei eppes méi wéi enger Milliard Euro.

Tripartite
Tripartite

Bei där éischter Tripartite Sëtzung gëschter gouf nach näischt decidéiert. Mee d'Regierung huet eng Propos op den Dësch geluecht, fir d'Energiepräisser ze limitéieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen