D'LSAP wéilt d'CSV dozou bréngen, endlech och emol Faarf an enger Rei politeschen Dossieren ze bekennen. Dat huet den LSAP-Generalsekretär am 100,7-Interview ugekënnegt. An deem Sënn géif hie sech een aggressive Wahlkampf 2018 wënschen. "Mir mussen endlech eise politesche Géigner stellen", esou den Yves Cruchten zu de Pläng fir eng Erneierung vu senger Partei.
Preparatioune fir d'Chamberwahlen
An der LSAP-Parteileedung fänken den Owend d'Virbereedunge fir d'Chamberwahlen un. Eng vun de wichtegsten Aufgabe wier, e "gudde Wahlprogramm" mat "Ecken a Kanten" zesumme mat der Partei-Basis, mä och mat der Zivilgesellschaft a mat Experten opzestellen. D'Zil wier eng méiglechst breet Participatioun, esou den Yves Cruchten.
D'LSAP misst déi Partei sinn, déi fir de soziale Fortschrëtt steet an net fir de Stëllstand. D'Aarbechten um Programm fir 2018 sollen hëllefen, fir no baussen däitlech ze maachen, wou d'LSAP d'Land wéilt hiféieren.
LSAP-Spëtzekandidat 2018
Op engem LSAP-Kongress am Fréijoer d'nächst Joer soll d'Decisioun falen, datt den Etienne Schneider op en neits Spëtzekandidat gëtt, huet den Yves Cruchten ugekënnegt. Hien huet ugedeit, datt hie frou wier, wann och déi populär LSAP-Politiker Jean Asselborn a Mars Di Bartolomeo 2018 nach eng Kéier géingen untrieden. "Mir mussen eis souwuel erneieren, wéi awer och eng Partie Kompetenz an Erfarung dobäi hunn", sot den Yves Cruchten. Souwuel beim Personal, wéi programmatesch, soll et eng Erneierung bei der LSAP ginn.
Oppositioun keng Optioun fir d'LSAP
"Mir sinn eng Partei, déi gäre gestalt", esou huet den Yves Cruchten d'Fro beäntwert, ob et fir den aktuellen Zoustand vun der LSAP net besser gewiescht wier, 2013 an d'Oppositioun an net an eng Dräier-Koalitioun ze goen. "Mir géife gären eis Gesellschaft op d'Zukunft preparéieren, an dat kann een net aus der Oppositioun eraus." Et misst den Usproch vun enger "grousser Partei" sinn, e Land wëllen ze féieren, huet den LSAP-Generalsekretär betount.
Vollekspartei LSAP?
Dem Yves Cruchten no wier et net eleng um Wahlresultat a Prozenter festzemaachen, ob eng Partei eng Vollekspartei ass. Bei de Chamberwahlen 2013 war d'LSAP op nëmmen nach 20,3 Prozent vun de Stëmme komm, mat Verloschter an alle véier Wahlbezierker. Bei den Europawahlen 2014 war d'LSAP op knapp 12 Prozent komm.
Den Yves Cruchten huet zouginn, datt seng Partei net ëmmer alles richteg gemaach hätt. "Mir, wéi Anerer och, hu bestëmmt Feeler gemaach", esou de selbstkriteschen LSAP-Generalsekretär.