Zënter knapps zwee Joer sinn déi däitsch Gréng an de bundeswäite Sondagë bestänneg zweetstäerkste Kraaft a Politik-Däitschland. Zäitweis huet et souguer duerno ausgesinn, wéi wann se d'Unioun aus CDU an CSU kéinten iwwerhuelen - ma mat der Corona-Pandemie hu sech déi Konservativ, och wéinst hirer Kanzlerin, nees kloer un der Spëtzt etabléiert.
E gutt halleft Joer virun der Bundestagswal kommen Unioun a Gréng an de Sondagen op ronn 55 Prozent vun de Stemmen. Domat hätt eng schwaarz-gréng Koalitioun d'Majoritéit am Bundestag. An d'Chance stinn aus enger ganzer Rei Grënn gutt.
CSU-Chef fir Schwaarz-Gréng
Do wier zum Beispill den Enthusiasmus vum CSU-Chef Markus Söder. Scho méi wéi eng Kéier huet hien Schwaarz-Gréng als interessant politesch Konstellatioun bezeechent. Béid Parteien hätte schliisslech di grouss Froen eiser Zäit am Bléck - den Zesummeschloss vun Ekonomie an Ekologie. A Bayern huet hien am Amt vum Ministerpresident däitlech Schrëtt op déi Gréng zougemaach. An Ufank Februar huet de Markus Söder dëst am Interview mam Noriichtemagasinn Stern nach emol ënnerstrach.
Lo ass de Markus Söder natierlech (nach) net Kanzlerkandidat, vläicht gëtt en et och guer net. Mee: All aneren Uniouns-Kandidat muss vum CSU-Chef guttgeheescht ginn - datt de Markus Söder seng Koalitiounsvirléiften an déi Decisioun wäert afléisse loossen.
En zweeten Indice, datt Schwaarz-Gréng eng Zukunftsperspektive kéint hunn: d'Iddi vun dëser Koalitioun gewënnt och an der Populatioun u Support. Eng rezent Ëmfro vum Meenungsinstitut Civey am Optrag vum Spiegel huet erginn, datt ronn en Drëttel vun de Befroten déi Gréng am léifsten als Koalitiounspartner fir d'Unioun hätten. Souguer ënner den Uniouns-Unhänger wier eng Schwaarz-Gréng Kooperatioun mëttlerweil méi gewënscht wéi zum Beispill déi mat der liberaler FDP - dem traditionelle Koalitiounspartner vun der CDU/CSU.
Gëtt et eng Alternativ?
Dat ausschlaggebend Argument fir Schwaarz-Gréng kéint um Enn awer e ganz anert sinn. D'Unzuel u seriöen Alternativen hält sech nämlech a Grenzen. Eng Majoritéit hätt nämlech nieft Schwaarz-Gréng momentan just di grouss Koalitioun aus Unioun an SPD - a nodeems d'Sozialdemokraten an dräi vun de leschte véier Legislaturperioden ënnert der Schlapp vun der Unioun stoungen an trotz gudder Politik mächteg u Support verluer hunn, ass et fir déi Rout héich Zäit, sech op mannst temporär vun der Unioun ze léisen.
D'Spëtzt vun de Gréngen - de Robert Habeck an d'Annalena Baerbock - well sech bis elo net festleeën. Kloer ass: D'Unioun ass fir déi Gréng kee Wonschpartner, mee eng Opportunitéit. Datt Uniouns-Politiker wéi de Markus Söder sou Reklamm fir Schwaarz-Gréng maachen, huet och domat ze dinn - si wëssen, datt déi Gréng - wann et rechneresch méiglech ass - léiwer mat anere géife koaléieren.
Schwaarz-Gréng ass also nach keng sécher Nummer. Een Zenario bléift nämlech spannend. Wat d'Wale méi nokommen an d'Unioun, déi ouni d'Angela Merkel an d'Course geet, hire Kanzlerinne-Bonus verléiert, wat aner Optiounen op eemol besser Chance kréien. Sollten Merkel-Wieler un di Gréng oder d'SPD ofwanderen, kéint eng Rout-Rout-Gréng Koalitioun mat der Lénkspartei op eemol rechneresch no un enger Majoritéit sinn.
Net nëmmen ideologesch wier déi Optioun fir déi Gréng méi attraktiv. Et géif och bedeiten, datt se net just Junior-Partner zur Unioun wieren - au contraire. An engem Rout-Rout-Grénge Bündnis géifen di däitsch Gréng de Kanzler oder d'Kanzlerin stellen.