Aktuell schaffen op de Sitten zu Hollerech an Ettelbréck 800 Persoune fir de Familljebetrib Heintz van Landewyck. Déi zwou Unitéite ginn um Fridhaff zu enger fusionéiert, erkläert de Generaldirekter. An engem schwieregen Ëmfeld géif et drëm goen, fir net ze verléieren. "Notre objectif s'il n'est pas de croître, est de rester au moins stable. C'est déjà ambitieux." Ëmsaz an d'Resultat wëll de Grupp net kommunizéieren.
Entloossungen net ausgeschloss
Zum iwwerraschende Récktrëtt vu sengem Virgänger Christian Greiveldinger, seet de Jan Vandenneuker, hie wier net méi "en Phase" gewiescht mat der Strategie vun den Aktionären.
Wéi all Manager hätt hie selwer den Aktionären Entwécklungspläng fir déi nächst ee bis dräi Joer proposéiert. Seng Pläng hätten den Aktionäre gefall, seet den neie Generaldirekter. Gehéieren dozou och Sozialpläng? De Jan Vandenneucker schwätzt léiwer vun "Optimiséierungspläng". Aarbechtsplaze solle fir d'éischt iwwert Pensionéierung reduzéiert ginn. Entloossunge schléisst de Generaldirekter net aus. "Ech hu keng Kristallsbull."
Zënter Jore wieren d'Tubaksproduzenten ënner Drock, duerch eng méi restriktiv Legislatioun. D'Entreprisen hätte sech missten nei erfannen. Als multinational Entreprise wier een op der Sich no neie Mäert. Heintz van Landewyck géif a 40 Länner exportéieren, mat Nischeprodukter. De Grupp produzéiert 80 Milliarden Zigaretten d'Joer.
Eng kleng Multinational
Heintz van Landwyck gesäit sech als multinational Entreprise. Profitéiert den Tubakskonzern, wéi aner Multinationalen zu Lëtzebuerg vun "Tax Rulingen" (virgezunne Steieraccorde mat der Lëtzebuerger Steierverwaltung)? "Wann ee vu verschiddenen Elementer géif profitéieren, da wier dat an der Legalitéit", seet de Generaldirekter vun Heintz van Landewyck.
Hien hätt an der Vergaangenheet vill gefëmmt, géif dat awer elo net méi maachen. Dat géif awer net ausschléissen, datt hien de Secteur, an deem hie schafft, géif appreciéieren. Fëmme wier e Pleséier fir deen, dee fëmmt. Hie géif dee Pleséier respektéieren.