Däitschland En onmoralesche Plang
Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn war ee vun de grousse Gewënner vun der Pandemie. Géint Chrëschtdag huet hien als beléiftsten däitsche Politiker gegollt, op eemol stoung souguer eng Kanzlerkandidatur am Raum. Ma duerch eng ganz Rei Skandaler huet sech de Wand gedréit. Déi rezentste Reproche: De Jens Spahn soll probéiert hunn, qualitativ mannerwäerteg Schutzmasken u Sans-Abrisen an u Mënsche mat Behënnerung zu verdeelen.
An nees sinn et d'Masken. Eréischt Mäerz sinn eng ganz Rei däitsch Politiker zeréckgetrueden, well si sech wärend der Pandemie mat der Vermëttlung vu Masken-Deals perséinlech beräichert haten. Mee elo geréit souguer de Gesondheetsminister Jens Spahn ënner Drock, och wéinst enger Maskebestellung am Fréijoer 2020.
Gesondheetsministère weist Reprochen zeréck
De Virworf ass awer net dee vun der perséinlecher Beräicherung. Nee, moralesch gesi sinn d'Reprochen nach e ganz Stéck méi hefteg. Wéi däitsch Medie recherchéiert hunn, huet den däitsche Gesondheetsministère am leschte Joer Millioune qualitativ mannerwäerteg Maske kaf - zu enger Zäit, an där d'Maske knapp waren an d'Demande grouss. De Problem: Wéi déi schlecht Masken dunn do waren, hätt et wuel Pläng ginn, se ënnert de vulnerabelste Leit vun der Gesellschaft ze verdeelen: u Sans-abrien, u Grondsécherungsempfänger, u Leit mat Behënnerung.
De Gesondheetsministère weist d'Reprochen zeréck, allerdéngs kënnt Géigewand aus den eegene Reien. Den däitschen Aarbechtsministère huet an engem Statement confirméiert, datt et esou Pläng ginn hätt, géint déi sech awer am Aarbechtsministère du gewiert gi wier.
D'Affär huet, dat war z'erwaarden, fir massiv Kritik gesuergt. Och innerhalb vun der Regierungskoalitioun gëtt sech dräi Méint virun der Bundestagswal net méi zréckgehalen. Sou sot de SPD-Generalsekretär Lars Klingbeil zum Beispill:
"Ech si geschockt doriwwer, datt de Gesondheetsministère notzlos Masken u Mënsche mat Behënnerung a Clochard'en wollt verdeelen. Do ass eng Grenz iwwerschratt ginn."
Fir de Jens Spahn ass des rezentsten Affär just déi lescht an enger laanger Réi, déi senger Reputatioun am leschten hallwe Joer seriö geschuet hunn. D'Maskendeals vun engem Grupp Uniouns-Deputéierten hu sech och op hien als CDU-Minister ausgewierkt. De luesen Impfstart an d'Fuddlereien an den däitschen Test-Zentre ginn och op de Gesondheetsminister zeréck. An zu gudder Lescht hunn och déi perséinlech Immobiliëgeschäfter vum Jens Spahn hiert dozou bäigedroen, datt hien an der Gonscht vun de Wieler nees gefall ass.
Am Dezember stoung hien am Polit-Barometer hanner der Kanzlerin Angela Merkel op Platz 2 vun de beléiftste Politiker:innen am Land. Sechs Méint méi spéit geet et just nach fir Platz 6 duer. Nëmmen en Drëttel vun de Bierger fënnt, hire Gesondheetsminister géif eng gutt Aarbecht maachen.