No villen Infektiounen an de Schoulen En neit Sanitärkonzept fir d'Schoulen
De Claude Meisch hofft e Freideg matdeelen ze kënnen, wéi et no der Fuesvakanz an de Schoule virugeet. Bis dohi géifen déi sanitär Reegelen iwwerschafft ginn. De Virus hätt "säi Verhale geännert".
Schëffleng war vill an der Diskussioun an de leschte Deeg. Et wier awer net nëmmen do, wou de Virus sech neierdéngs nees méi séier breet gemaach hätt. Änleches wier och anerwäerts registréiert ginn, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Dat Phenomen wier méi staark an de Ballungsgebidder, also am urbane Raum, wéi am rurale Raum.
Am meeschte mierkt een dat Phenomen an de Grondschoulen - och dat ass nei, bis ewell waren éischter Jugendlecher wéi Kanner betraff. Eng definitiv Erklärung dofir géif et net ginn, mee de Verdacht léich no, dass et u Mutatioune hänkt, déi sech bei jonke Schüler méi staark a séier ausbreede wéi bei enger erwuessener Populatioun.
Et misst bal doru leien, well an der Schoul hätt jo u sech näischt geännert, mengt de Claude Meisch. Dofir wéilt een dës an déi nächst Woch d'Zäit notzen, fir déi sanitär Moossnamen nach eng Kéier op de Leescht ze huelen, fir dem neie Verhale vum Virus Rechnung ze droen.
De ganzen Interview mam Claude Meisch lauschteren
Déi Analys ass am Gaang, bis Enn der Woch solle Conclusiounen doraus gezu ginn. De Claude Meisch hofft, bis e Freideg e Communiqué maachen ze kënnen, wéi et no der Fuesvakanz weider soll goen, a wéi eng Ännerunge vum sanitäre Konzept komme sollen.
D'Crèchë sollen iwweregens op bleiwen. Allerdéngs bleift et do bei där souwisou scho méi strenger Reegel, datt direkt bei enger eenzeger Infektioun eng Quarantaine geholl gëtt, an net eréischt - wéi an der Schoul - eréischt no där zweeter.