Urbanismus En neie PAG fir Esch
D'Gemeng Esch kritt en neie PAG. Nodeems den Escher Gemengerot gréng Luucht fir de PAG ginn huet, sinn de leschte Donneschdeg d'Bierger iwwer déi nei Strukturpläng vun hirer Stad informéiert ginn. Kritik um neie PAG blouf dobäi gréisstendeels aus.
2050 soll Esch ronn 65.000 Awunner zielen an deementspriechend mussen och nei Wunnfläche geschafe ginn, wéi dat zum Beispill fir d'Nonnewise virgesinn ass. Dofir gouf et virop eng grouss Ännerung am PAG, esou d'Daisy Wagner, Urbanistin bei der Gemeng Esch.
Den aktuelle PAG géif nämlech manner an aner Zonen definéieren. Den neie PAG géif dann och méi Detailer ginn, wéi dat bis elo de Fall war. An absolutten Zuele bedeit dat, datt deen neie PAG ëm 45 Hektar wiisst.
Déi zwee urban Käre rapprochéieren
E weidert Uleies vun de Responsabele vun der Planungsstruktur vun der Minettsstad war, datt déi zwee urban Käre vun Esch - de Stadzentrum an de Site Belval - rapprochéiert solle ginn. Donieft gëtt d'Mobilitéitskonzept op den ëffentlechen Transport an de Vëlo ausgeriicht, datt de motoriséierte Verkéier aus der Stad gedréckt gëtt. Allze grouss Verännerungen um Stadbild sollen et awer net ginn, esou d'Daisy Wagner.
Bei der offizieller Presentatioun vum PAG gouf et just eng kritesch Remark zur Zone Esch-Schëffleng. Hei wollt e Bierger wëssen, wéi d'Verkéierssituatioun an der Zon soll gereegelt ginn. Well d'Affektatioune vun der Surface awer nach net gekläert sinn, blouf et hei beim Status Quo, spréch deem ale PAG. Et kéint een nach net genee soen, wou eng Schoul oder e Park hi géife kommen, erkläert d'Daisy Wagner.
Nach net alles am PAG definéiert
Esou kënnt et, datt verschidde Surfacen nach net am neie PAG definéiert sinn. Dat kéint sech awer an noer Zukunft änneren, seet de Georges Mischo (CSV), Buergermeeschter vun Esch. Well schonn inoffiziell Informatiounsronnen zum PAG organiséiert an hei och eenzel Kritiken a Remarke geäussert goufen, koum et de leschten Donneschdeg zu wéinege Réckfroen.
De Georges Mischo erwaart sech awer, datt nach Remarken oder Iddie komme wäerten. "Da si mir als Schäfferot gefrot, fir Ried an Äntwert ze stoen". Awänn géint den neie PAG kënnen nach bis den 9. Abrëll bei der Gemeng Esch agereecht ginn.