arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En eegenen Artikel an der neier Verfassung

Lëtzebuerger Sprooch

|
reading time

2 min

En eegenen Artikel an der neier Verfassung

Et ass ni ze spéit awer nach een Aspekt an déi nei Verfassung eranzekréien. Där Meenung ass d'Myriam Welschbillig, Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De Conseil fuerdert an engem Avis vum Mee dëst Joer ënner anerem, datt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch als offiziell Sprooche sollen am Grondgesetz verankert ginn.

reading time

2 min

  • De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch fuerdert, datt d'Sproochesituatioun hei am Land an engem eegenen Artikel an der neier Verfassung soll thematiséiert ginn.
  • De Conseil géif d'Leit an deem Sënn awer net mobiliséieren, seet d'Myriam Welschbillig.
  • Iwwer den Term "langue officielle" kéinte sech Juriste streiden.

An der geplangter Verfassungsreform ass den Ament net virgesi fir déi dräi Sproochen ze verankeren. Dat ass den Ament am Sproochegesetz vun 1984 de Fall. D'CSV plaidéiert allerdéngs dofir, datt Consultatiounsreunioune sollen organiséiert ginn, wou d'Leit sech zur geplangter Reform solle kënnen abréngen.

Eng breet Diskussioun iwwer d'Sprooch

D'Myriam Welschbillig géif et begréissen, wa Fuerderungen zur Sproochesituatioun do géifen opkommen. De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch géif d'Leit an deem Sënn awer net mobiliséieren, well dat net hir Roll wier: "Mir sinn eigentlech de Conseil vum Ministère." D'Fuerderung, déi dräi Sproochen an der neier Verfassung ze verankeren, géif dorobber foussen, datt ee vun der Chamber gefrot gi wier, wat ee vun der aktueller Propos géif halen.

Iwwer den Terme "langue officielle" kéinte sech d'Juriste streiden. "Et gëtt vun engem Affekot eng ganz Studie doriwwer, wat deen Term alles seet. Deen an der Conclusioun seet, datt eigentlech d'Lëtzebuergescht d'Langue officielle ass." Dëst géif awer néierens stoen, esou d'Presidentin vum Conseil:

"An ech perséinlech froe mech och ëmmer, firwat een ëmmer esou zéckt, dat nieft dat Däitscht an d'Franséischt als offiziell Sprooch - als Amtssprooch - vum Land anzesetzen. Dat heescht jo net automatesch, datt een dann alles muss an d'Lëtzebuergescht iwwersetzen. Dat geet jo och net, an ech mengen och net, datt iergendeen dat wéilt."

En eegenen Artikel fir d'Sprooch

De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch fuerdert, datt d'Sproochesituatioun hei am Land an engem eegenen Artikel an der neier Verfassung soll thematiséiert ginn. Den Ament gëtt d'Lëtzebuerger Sprooch am Kader vun engem Artikel iwwer national Emblèmë festgehalen.

Inhaltlech géif een eegenen Artikel iwwer d'Sproochen awer keen Ënnerscheed maachen, esou d'Myriam Welschbillig, mee et wier eppes, wat méi géif erausstiechen, an d'Lëtzebuerger Sprooch géif dann net méi als Folklor ofgezeechent ginn. "Ech wëll elo net soen, datt de Wope Folklor ass, mee d'Sprooch ass awer schonn eppes, mat deem d'Leit sech immens identifizéieren an eppes, mat deem een all Dag konfrontéiert ass", esou d'Myriam Welschbillig.